Generell sinn d'Präisser am Bausecteur tëscht Abrëll an Oktober zejoert ëm 6,8 Prozent geklommen am Verglach mat de sechs Méint virdrun, sou de Statec. Dat war allerdéngs eng méi schwaach Hausse, wéi dat Semester virdrun. Do war de Präisindex an der Constructioun nach ëm 8,6 Prozent geklommen.
Vill Poste si méi deier ginn
Mat néng an engem hallwe Prozent sinn d'Käschte fir d'Fermeture vu Gebaier, also fir Fënsteren, Garagëpaarten a Fassaden am meeschte geklommen. D'Réibauaarbechte sinn tëscht dem Fréijoer an dem Hierscht d'lescht Joer ëm 5,3 Prozent méi deier ginn. Ma och den Transport kascht méi, haaptsächlech wéinst der massiver Hausse beim Dieselpräis. Den Holzpräis huet sech dogéint stabiliséiert, doduerch sinn d'Fraise fir Gespärer méi lues geklommen, ëm zwee Prozent, anescht wéi nach dat Joer virdrun.
Vun 2020 op 2021 war dee Präis nach ëm bal 30 Prozent an d'Luucht gaangen. Eng staark Progressioun gouf et dann awer och nach am Beräich vun der Finitioun: d'Buedembeleeg sinn ëm eelef an en hallwe Prozent méi deier ginn an och fir de Schräiner an de Schlässer huet een am Oktober bal néng Prozent méi bezuelt wéi nach am Abrëll.
Ugespaante Situatioun
Queesch duerch de Secteur also ëmmer nach eng ganz ugespaante Situatioun, déi sech an noer Zukunft wuel och net wäert verbesseren. Et gëtt wéinst den héije Käschten aktuell manner an nei Constructiounen investéiert. Laut engem Rapport vum Statec aus dem Dezember wäerten dëst Joer viraussiichtlech 1.500 manner Wunnenge gebaut ginn wéi 2022, eng Baisse vu ronn engem Drëttel. D'Chambre des Métiers an d'Handwierkerfederatioun haten an deem Kontext staatlech Moossname gefuerdert, fir Faillitten a Chômage ze evitéieren.