Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Josh Island - Love Don't Come Easy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Conseil National pour Etrangers: "Avise méi eescht huelen"

Chamberwahlen 2018

Conseil National pour Etrangers: "Avise méi eescht huelen"

Bei de Chamberwahlen 2018 konnten nëmme 47 Prozent vun der erwuessener Populatioun zu Lëtzebuerg hir Stëmm ofginn. Dat ass dorobber zeréckzeféieren, datt Net-Lëtzebuerger, déi bal d'Halschent vun der Populatioun am Land ausmaachen, nach ëmmer net wielen däerfen. Gouf d'Polemik iwwert déi politesch Participatioun oder Net-Participatioun vun den Auslänner zu Lëtzebuerg duerch déi niddreg Wielerparticipatioun elo relancéiert?

auto_stories

5 min

A senger Wahl-Analyse hat de Politolog Philippe Poirier vun der Uni Lëtzebuerg d'leschte Mëttwoch op eiser Antenn festgestallt. "datt et déi éischt Wahlen an der demokratescher Geschicht vu Lëtzebuerg sinn, wou manner wéi 37 Prozent vun der erwuessener Bevëlkerung, déi hei am Land wunnt, wiele gaangen ass. Et ass also eng reduzéiert Demokratie."

Lëtzebuerg - "eng Demokratie vun der Minoritéit?"

Mat agerechent an deene 37 Prozent vun de "Suffrages exprimées" si wuel och d'Lëtzebuerger, déi net wiele gaange sinn - dës Kéier waren et 26.873 - an d'Wahlziedelen, déi net oder falsch ausgefëllt goufen - dat waren der 16.837. Déi Zuel huet de Philippe Poirier an Tëschenzäit korrigéiert: 43,8 Prozent vun de potentielle Wieler hu gülteg Stëmmen ofginn. Dës Korrektur kënnt nodeems de Statec drop higewisen huet, datt bei dëse Chamberwahlen am Ganzen 47,2 Prozent vun den Awunner iwwer 18 Joer wahlberechtegt waren:

Reaktioun Serge Allegrezzaplay_arrow

De Problem vum Demokratiedefizit bleift deemno akut: Bei wäitem dee gréissten Deel vun den Net-Wieler bleiwen d'Net-Lëtzbuerger, déi hei liewen, mee bei nationale Wahlen net wiele kënnen. D'Fro vum Auslännerwahlrecht wier beim Referendum 2015 esou kloer mat "Nee" beäntwert ginn, datt kaum e Politiker elo "politesche Selbstmord" géif maachen an de Sujet kuerzfristeg nees opgräife géif. Dat mengt D'ASTI-Presidentin Laura Zuccoli. Mee wa Lëtzebuerg wéilt eng Demokratie sinn, "an net eng Kéier an der Welt do stoen als eng Demokratie vun der Minoritéit, da musse mir dat awer eng Kéier diskutéieren."

Nom Referendum gouf d'Unhuele vun der Lëtzebuerger Nationalitéit gefërdert, fir d'Integratioun an déi politesch Bedeelegung vun den Net-Lëtzebuerger virun ze bréngen. D'Reform vun 2017 huet dat weider op gemaach, an an deem selwechte Joer sinn d'Naturalisatiounen dann och op 9030 geklommen - allerdéngs, wéi d'Laura Zuccoli bemierkt, war ronn d'Halschent dovunner iwwert de sougenannte "Recouvrement". "Dat heescht Leit, déi wa si beweise kënnen, datt eng Persoun an hirer Famill bis 1900 Lëtzebuerger war, déi Lëtzebuerger Nationalitéit kënne kréien. Déi Leit liewen awer net hei. Wou mir eis da wierklech froen, firwat déi Leit een droit de vote kréien an déi aner net."

Alternativ Moossname virgesinn

Wichteg wier der Laura Zuccoli no elo, alternativ Mesure virzegesinn, fir den Auslänner zu Lëtzebuerg méi politesch Participatioun z'erméiglechen. Eng dovunner, déi d'ASTI scho virun de Wahle gefuerdert huet, ass, fir de Chambres Professionelles et z'erméiglechen, Gesetzesproposen ze maachen. Bei der Salariatskummer hätt een zum Beispill de Virdeel, datt d'Frontalieren mat wielen. D'Méiglechkeet, datt Chambres Professionelles Gesetzesproposë kënne maache besteet den Ament schonn. "Mee et ass d'Regierung déi entscheet, ob d'Propos an d'Chamber geet", esou nach d'ASTI-Presidentin.

Een Organ, wat déi auslännesch Populatioun hei am Land par excellence soll vertrieden, ass de Conseil National pour Etrangers. De CNE gouf 1993 geschaf. En ass ofhängeg vum OLAI - dem Office Luxembourgeois pour l'Acceuil et l'Integratioun - a steet also ënnert der Tutelle vum Familljeministère. Doduerch, datt nëmme 37 Prozent (richteg: 43,8 Prozent) vun der erwuessener Populatioun de 14.Oktober gewielt hunn, géif de Risiko vun engem "vide démocratique" bestoen. Dat seet d'CNE-Vizepresidentin Claire Geier-Courquin. Dat wier ze bedaueren.

"Avise vum CNE méi eescht huelen"

Och de CNE huet awer, fir elo mol, net vill Hoffnung, datt d'Fro vum Auslännerwahlrecht politesch wäert relancéiert ginn. Um Virowend vun de Wahle wiere si mat e puer vun de Kandidate zesumme gewiescht, esou d'Claire Geier-Courquin. An si hätte gesot kritt, datt d'Fro wahrscheinlech net erëm adresséiert géif ginn.

Eng Haapt Fuerderung vum CNE fir dat neit Parlament an déi nei Regierung wier elo mol déi, datt d'Organisatioun méi eescht geholl gëtt. Als consultatiivt Organ schafft de CNE nämlech Avisen zu Auslänner-relevanten Themen aus. Dat op Ufro vun der Regierung oder op eegen Initiativ. A wat een elo maache kéint, wier, datt d'Deputéiert déi Avisë méi eescht huelen, seet d'Claire Geier-Courquin. Och d'ASTI Presidentin Laura Zuccoli fënnt, datt een dem CNE seng Roll a Moyensë misst stäerken. "Virun allem misst een dem Conseil eng richteg Legitimitéit an eng richteg Funktioun ze ginn".

De CNE huet zum Beispill keen eegestännegt a permanent Sekretariat, an ass an der Ëffentlechkeet nach ëmmer net immens bekannt. Et géif zwar eng Equipe nëmmen op der Kommunikatioun schaffen an et wier een dobäi een Internetsite auszeschaffen, esou d'Claire Geier-Courquin. Mee et misst och iwwer eng méi déifgrënneg Reform vum CNE nogeduecht ginn. Zum Beispill iwwert säi legale Kader, esou nach d'Vize-Presidentin. Och bei der Zesummesetzung vum CNE, an der Aart a Weis wéi seng Membere genannt ginn, wier nach Munches ze verbesseren. De CNE misst "e Spigel vun der Gesellschaft sinn". Dat wier den Ament awer net de Fall.

De CNE huet 34 effektiv Memberen, mat engem Mandat vu 5 Joer. 22 vun hinne sinn auslännesch Vetrieder. Si gi gewielt vun Auslänner Associatiounen, déi beim OLAI ugemellt sinn. Déi 12 aner Membere vum CNE si Lëtzebuerger a vertrieden ënner anerem d'Patronat, d'Gewerkschaften, an de Syvicol, a gi vum Familljeministère genannt. D'Claire Geier-Courquin freet sech, ob een net "jiddereen op den nämmlechte Niveau misst setzen?" Fir de CNE an Zukunft direkt vun Auslänner wielen ze loossen, wier och eng Piste, seet d'Vize-Presidentin.

Reform vum CNE ënnert Gambia-Koalitioun?

Den CNE kéint sech do éischter virstellen, déi kommunal consultativ Integratiouns-Kommissiounen mat a seng elektoral Basis eran ze huelen. Bei der ASTI seet d'Laura Zuccoli nach, et kéint ee sech och virstellen, "datt de Conseil an der Chamber ee Gewiicht hätt".

Wann aus der Nei-Oplag vu Gambia eppes gëtt, ass et net onrealistesch z'envisagéieren, datt eng Reform vum CNE sech am Koalitiouns-Akkord wäert erëmfannen. Am Wahlprogramm vun déi Gréng steet zum Beispill, dem CNE seng consultativ Funktioun misst verstäerkt ginn. An am LSAP Programm steet, de CNE misst ëmstrukturéiert a seng Kompetenzen erweidert ginn. D'Claire Geier-Courquin kuckt als Vize-Presidentin vum Organ op alle Fall positiv no vir. An dat och schonn doduerch, datt deen identitären an zum Deel nationalisteschen Discours, deen am Wahlkampf geféiert gouf, sech net am Resultat vun de Chamberwahlen erëmgespigelt huet. "Bravo Lëtzebuerg. Dat kann nëmme positiv sinn."