Radioen

On air

E-Lodie  |  Simon McCorry & Wodwo - By Snail On Its Slick Of Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Confinement als kreativ Héichphas

Literatur

De Confinement als kreativ Héichphas

Invité an der Emissioun Riicht eraus hei um Radio 100,7 war e Samschdeg de Jemp Schuster. De viregte Week-end ass hie jo fir säi Roman "Bluttsëffer" mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent gi gewiescht. An ëm déi Familljen- an Duerfsaga goung et och an der Haaptsaach am Gespréich. Awer net just dorëm.

auto_stories

4 min

Dem Jemp Schuster geet et net anescht wéi deene meeschte vun eis: en huet es genuch mat Corona. An e probéiert dofir och, wann et nëmme geet, Diskussiounen iwwer de Virus an d'Impfung dogéint aus de Féiss ze goen. Dee Gruef, deen dowéinst duerch d'Gesellschaft geet, wier net ze verleegnen, seet hien, mengt awer, datt dat sech och erëm verleeft.

"Wann dat do sech erëm berouegt huet - a mir musse jo nach laang mat deem Virus liewen, sou wéi mer an der Zäit mat de Pouke gelieft hunn oder mat anere Krankheeten ... dee wäert bleiwen. An et ka jo net sinn, dass mer eis dann iwwer Generatiounen a Generatiounen nach ëmmer an zwee Campe splécken, eleng wéinst deem blöde Covid do."

Him wier Corona souguer zupaass komm, seet de Jemp Schuster. Am Confinement huet hien ugefaangen un de Bluttsëffer ze schreiwen, a well et näischt gouf wat en hätt kënnen oflenken, sinn tëscht der 1. Zeil an dem fäerdegen, 450-Säite staarke Buch nëmme sechs Méint vergaangen. Fir d'Ouereschlëffer, den zweeten Deel, huet en och just sechs Méint gebraucht. An déi si souguer nach eemol 100 Säite méi déck.

Um Ufank sollt hien e Film schreiwen

D'Iddi fir de Roman, deen d'Duerfliewen iwwer dat ganzt lescht Joerhonnert beschreift, an dee weist, wéi déi typesch Duerfkultur mat der Zäit ëmmer méi verluer goung, ass am Fong iwwer en Ëmwee entstanen. U sech war de Jemp Schuster gefrot ginn, en Dréibuch fir e Film zu der Thematik ze schreiwen. Wat en och gemaach huet. Aus dem Film ass awer näischt ginn. Wier e gedréint ginn, wier warscheinlech kee Roman zum Theema entstanen, sou de Jemp Schuster.

Bluttsëffer an Ouereschlëffer verzielen eng Geschicht déi 1905 ufänkt an 2005 ophéiert. A si verzielen se ëmmer an där Sprooch, déi an der jeeweileger Zäit geschwat ginn ass. Fir alles ze verstoe wat an der éischter Hallschecht vum Roman u Wieder benotzt gëtt, muss een heiansdo an de Glossaire hannen am Buch nokucke goen. Dat ännert no 1950, wou d'Sprooch méi aarm gëtt, a wou ëmmer méi friem Wieder iwwerholl oder ver-lëtzebuergescht ginn, amplaz eegener ze erfannen.

Mam Lëtzebuerger Literaturpräis ausgezeechent

De Roman "Bluttsëffer" ass viru ronn aacht Deeg mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent ginn. D'Unerkennung vum Public hat hie scho virdrun. Et si bis haut eng 4.000 Exemplaire vum Buch verkaaft ginn, keen anere Lëtzebuerger Roman hat jee méi Succès. E Publikumserfolleg waren d'Bluttsëffer also scho virum Buchpräis, elo kruten se och nach eng literaresch Unerkennung.

An dee Präis géif him och immens vill bedeiten, well e reng fir Literatur vergi gëtt a well e vu Spezialiste vergi gëtt.

D'Preparatioune fir e Lauschterbuch lafen

Zesummegeholl hunn déi zwee Bänn vun der Saga eng 1000 Säiten. Dat däerft eenzel Leit vum Liesen ofschrecken. Hinne géif e Lauschterbuch gewëss entgéint kommen. An dat wier och e Projet, sou de Jemp Schuster, Test-Opname si schonn an der Këscht. Mee méi konkret wier et nach net. Mir mussen eis dat ganz gutt iwwerleeën, seet hien.

"Et ass esou, dass déijéineg, déi do derhannert stiechen, gär hätten, datt ech et selwer soll liesen. Well d'Leit da mengen, ech hätt déi richteg Stëmm dofir an ech hätt och déi richteg Astellung dofir. Fir dat ze maachen. awer ech zécken e bëssen, well ech weess wéi vill Aarbecht datt et gëtt."

Op 35, 36 Stonnen Opnam géif ee wuel kommen, wann de ganzen Text gelies gëtt, mengt de Jemp Schuster.

Schon eng Iddi fir den nächste Roman

Bluttsëffer an Ouereschlëffer wieren zwar zwee Bänn awer ee Roman, betount hien ëmmer erëm. Säin éischte Roman iwwregens. Awer warscheinlech net säi leschten. Seng Iddi ass et fir d'Handlung vum nächste Roman an der Zäit vum 30-järege Krichstattfannen ze loossen.

Mee hie wéilt sech elo net hetze loossen, seet de Jemp Schuster. Dee Projet bleift nach e bësse leien. Als nächst steet souwisou elo mol nach eng Produktioun mam Fräiliichttheater Schankemännchen op sengem Programm.