Radioen

On air

De Moien  |  Motel Club - Sur Le Fil (feat. Celia Kameni)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Community, Kommerz, Massemedium a Manipulatioun

Facebook

Community, Kommerz, Massemedium a Manipulatioun

Wéi vill Zäit verbréngt Dir an der Moyenne op Facebook?

D'Firma hannert dem soziale Reseau ass en enorme kommerzielle Succès. Am 3. Trimester 2017 ass hiren Ëmsaz ëm 47 Prozent am Verglach mam Joer virdru geklommen, an hiren Netto-Benefice ëm 79 Prozent. D'Zuel vun den Notzer ass 16 Prozent eropgaangen. Mä Facebook ass méi wéi en ondefinéierbare soziale Reseau. D'Firma funktionéiert wéi e Massemedium a misst och reguléiert gi wéi eent.

auto_stories

3 min

Jean-Paul Hoffmann

Seelen, wann iwwerhaapt, ass et e Mediebetrib ginn, deen esou profitabel war.

Am 3. Trimester dëst Joer hat Facebook en Ëmsaz vun 10,3 Milliarden US-Dollar an en Netto-Gewënn vu 4,7 Milliarden. Facebook huet haut eng Maart-Kapitaliséierung vu ronn 500 Milliarden Dollar.

Ronn zwou Milliarde Leit logge sech wéinstens eng Kéier am Mount an. A fir 50 Prozent vun den Erwuessenen an den USA ass Facebook haut déi eenzeg Noriichtequell.

Facebook erméiglecht politeschen Afloss

An awer hält Facebook haartnäckeg um Mythos fest, datt et kee Mediebetrib ass, mä eppes anescht, Ondefinéierbares, e Service, dee "Communautéite connectéiert". Mam Subtext: mir exploitéieren d'Donnéeën, big data a small data, déi all dës Leit am System hannerloossen an de Facebook-Publicitéits-Business fidderen.

Wéi no Community, Kommerz, Massemedium a Manipulatioun beienee leien, gouf quasi gläichzäiteg mat der Annonce vun de Facebook Trimester-Resultater däitlech. Vum amerikanesche Kongress krut d'Firma d'Féiss bei d'Feier gehalen, well si sech vun enger russescher Troll Farm benotze gelooss hat. Déi hat massiv Publicitéite geschalt, fir mat ophetzende Messagen den Debat während de Presidentschaftswahlen an den USA geziilt ze beaflossen.

150 Millioune Facebook-Notzer an den USA hunn dës Message gesinn, bewosst oder onbewosst. Et ass schwéier, dëse Chiffer net mat der Zuel vun 139 Milliounen Amerikaner a Relatioun ze setzen, déi bei den Trump-Presidentielle gewielt hunn.

Dat wëllt net heeschen, datt all déi Leit sech beaflosse gelooss hätte vun dëse Messagen. Mä et confirméiert, datt et un der Zäit ass, iwwer d'Illusioun ewech ze kommen, datt Facebook näischt weider wier, wéi e soziale Reseau, dee "Communautéite verbënnt" an d'Welt besser mécht.

Nei Reegele fir sozial Medien

Facebook ass eng terribel effikass Maschinn, wann et drëm geet, d'Opmierksamkeet vun den Notzer a Beschlag ze huelen an hinne Contenu ze zerwéieren, dee si bei der Staang hält. An et ass manifestement e Medium, deen Honnerte Millioune Leit informéiert an hinne Publicitéit zerwéiert. An zwar gréisstendeels onreguléiert.

Elo plädéiere mir sécher net dofir, d'Informatioun ze reguléieren. Meenungsfräiheet schmiert den demokrateschen Debat an dierf net zur Dispositioun stoen. Mä eng Entreprise, déi funktionéiert wéi ee Massemedium misst sech och behuele wéi eent. Fir Facebook a Cie sollt duerfir och gëllen, wat fir déi geschriwwen an déi aner Press gëllt a wat fir Transparenz suergt: nämlech datt Publicitéit als sollech identifizéiert gëtt. An datt transparent gemaach gëtt, wie fir e bestëmmte Message bezuelt. Dat gehéiert zënter laangem zu de Spillregele vun der Press.

Wann d'Politik sech kënnt dozou oprappen, fir esou elementar Reegelen och de soziale Reseauen z'octroyéieren, wier dem politeschen Debat en Déngscht geleescht.