An der Moyenne ginn pro Joer iwwer 8.000 Demandë gemaach. Viru sechs Joer gouf de Formulaire fir d'Geneemegung schonn digitaliséiert. Mat der Neioplo vum Commodo-Gesetz soll d'Prozedur nach méi einfach an transparent ginn, versprécht d'Ëmweltministerin Joelle Welfring.
De Back-Office wier ausgeschafft ginn. Dat wier den informateschen Tool iwwer deen Dossieren déi eragereecht ginn, tëschent de Verwaltungen, der ITM de Gemengen an der Bierger verdeelt an ausgetosch kënne ginn.
Ufroe just nach digital
Eng Commodo-Autorisatioun soll garantéieren datt den Ëmweltschutz an d'Sécherheet op der Aarbecht respektéiert ginn. D'Nei-Oplag vum Gesetz gesäit vir datt d'Ufroen an Zukunft just nach iwwer den digitale Wee kënne gemaach ginn, erkläert de Georges Engel.
"Mir si virdru gefrot ginn an der Chamberkommissioun op d'Betriber da prett wären, fir dat ze maachen a mir sinn der Meenung, dass d 'Betriber absolut prett sinn, fir dat dote kënnen ze stemmen."
Den Aarbechtsminister mengt datt d'Betriber, wat d'Digitalisatioun ugeet op mannst esou wäit wiere, wéi de Staat.