Radioen

On air

Notturno  |  Schlofardi - Flouer Power

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Commerce: "Déi nächst Woche gi schwéier"

Deconfinement

Commerce: "Déi nächst Woche gi schwéier"

D'Reouverture vun de Geschäfter wier "batter neideg" gewiescht, seet den Direkter vun der Confédération du Commerce. Den Nicolas Henckes rechent an den éischte Woche mat engem "schwéieren Ufank".

auto_stories

2 min

D'Commerçanten hätte wärend de Wochen, an deenen zou, war finanziell gelidden, seet den Nicolas Henckes. Elo géifen zousätzlech Käschten dobäi komme fir d'Precautiounsmesurë kënnen anzehalen.

"Beim Kleeder umoossen, dat ass e klassescht Beispill: wat maache mer mam Kleed, nodeems et ugemooss gouf? Dat kann een dann natierlech e puer Stonnen an d'Reserve setzen, oder et kann een et mat enger Vapeursmachinn eng Kéier desinfizéieren. Dat geet da méi séier, mee et huet och e Käschtepunkt fir d'Entreprise, fir esou eng Maschinn ze hunn."

An den éischte Woche géife manner Clienten erwaart ginn, an duerch d'Precautiounsmesurë kéimen zousätzlech Käschten dobäi, esou den Nicolas Henckes. All Geschäft misst eenzel kucken, wéi se dat handhaben. Wann d'Präisser an de Geschäfter dann och nach wéinst de Sécherheetsmesurë géifen an d'Luucht goen, da kéint dat Clienten ofschrecken.

"Ech huelen un, datt si an enger éischter Phas elo d'Präisser net wäerten änneren. Mee duerno muss een iwwer Zäit kucken, wa sech dat strukturell alieft, déi Käschte mussen iergendwou eng Kéier gedeckt ginn."

Staatlech Hëllefen

Den clc-Direkter fuerdert dofir weider staatlech Hëllefe fir d'Geschäfter. "Dat ass natierlech vill Verantwortung op Säite vun der Regierung, well et Staatsfinanze à Moyen terme belaascht." Den Nicolas Henckes ka verstoen, datt d'Regierung "e bësse gestresst" ass wéinst deenen Engagementer, déi geholl ginn.

"Mee anerersäits, wa se déi elo net huelen, da si mir der Meenung, datt et duerno vill méi deier gëtt. Wa mer elo net déi retten, déi mer rette kënnen, da gëtt d'Rechnung awer richteg deier duerno."

D'Handelsconfederatioun hofft dofir op weider Aidë vum Staat. Am anere Fall wiere verschidde Betriber vun der Faillite bedrot, esou de Nicolas Henckes. D'Handelskonfederatioun preparéiert sech och drop vir, fir verschidde vun hire Memberen op deem Wee an d'Faillite ze begleeden. D'clc géif ëmmer méi Echoen hunn, datt et ganz batter gëtt fir Verschiddener. "Mir kucken, datt mer eis Memberen esouwäit et geet aus deem Problem ze zéien."