Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Coming-Out an der däitscher Kierch

Däitschland

Coming-Out an der däitscher Kierch

Iwwer 100 Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun der däitscher kathoulescher Kierch hu sech an engem Televisiounsreportage geout. Si alleguer hunn domat hir Aarbechtsplaz op d'Spill gestallt. Vu ville Kiercheverbänn gëtt et Luef fir d'Aktioun - ob sech awer un den Aarbechtskonditioune vu queere Mataarbechter eppes ännert, bleift ongewëss.

auto_stories

3 min

125 Mataarbechter vun der kathoulescher Kierch hu sech geout. Foto: Bigstock / electric egg

D'Nouvellen aus der däitscher kathoulescher Kierch waren an de leschte Wochen alt nees turbulent. Eréischt déi lescht Woch hat de Bistum vu München e Rapport presentéiert, deen hie selwer an Optrag ginn hat, an deen zum Schluss koum, datt iwwer Joerzéngte Fäll vu sexuellem Mëssbrauch net opgeschafft gi waren.

Pikant war dee Rapport och, well ee vun de Beschëllegte kee aneren ass wéi de fréieren Äerzbëschof vu München a spéidere Poopst Benoît XVI.

Coming-out op der Tëlee

Matten an deem opgewullte Klima huet en Documentaire vun der däitscher ARD Ufank dëser Woch fir aner, däitlech méi positiv Schlagzeile gesuergt. 125 Mataarbechter vun der kathoulescher Kierch, dorënner Paschtéier, Uerdensbridder, Theologen a Sozialaarbechter hu sech ëffentlech geout. Eng ganz Rei vun hinne fir d'éischte Kéier.

Wat a villen Deeler vun eiser westlecher Gesellschaft zwar fir déi Betraffen nach e schwéieren, mee zum Gléck eben och en ëmmer méi "normale" Schrëtt ass, ka fir Leit am Déngscht vun der Kierch den Enn vun der Karriär bedeiten.

Am Reportage berichte si vun hiren Erliefnesser als schwul, lesbesch, bi- oder transsexuell Mataarbechter vun der Kierch. Si schwätze vun Denonciatiounen, vun Duebelliewen a Verstoppches. Vun der Angscht, erwëscht ze ginn a vum Wonsch, hiert Privatliewen net méi virun hirem Glawe missen ze verstoppen.

Kierchemataarbechter falen ënner kierchlecht Aarbechtsrecht

Ee Problem an der däitscher Kierch ass, datt d'Bistumen zum Deel ganz ënnerschiddlech handelen. Esou kann e Paschtouer an engem Bistum seng Homosexualitéit beispillsweis oppe kommunizéieren, en Amtskolleeg e puer Kilometer weider awer dowéinst säi Kontrakt gekappt kréien.

Als Mataarbechter vun der Kierch sinn déi Betraffen nämlech dem kierchlechen Aarbechtsrecht ënnerstallt. Esou steet an hire Kontrakter, datt si net just déi kierchlech Wäerter am Beruff, mee och am Privatliewe misste liewen.

Positiv Reaktioune vu progressive Bistumen a Bëscheef

D'Reaktiounen op den Documentaire falen allgemeng positiv aus. Och vill héichrangeg Membere vun der kathoulescher Kierch selwer hunn zougeséchert, datt Mataarbechterinnen a Mataarbechter, déi sech géifen outen, keng aarbechtsrechtlech Konsequenze misste fäerten. Den Helmut Dieser, Bëschof vun Oochen, sot am Numm vun der Bëschofskonferenz, datt d'Aktioun en Zeechen dofir wier, datt e Klima vun der Angschtfräiheet misst an der Kierch entstoen.

Allerdéngs hu sech bis elo virun allem där Bistumen a Bëscheef zu Wuert gemellt, déi souwisou als relativ progressiv gëllen. Déi äerzkathoulesch Bistumen, besonnesch aus Bayern, si bis elo roueg. A genee déi hu sech an der Vergaangenheet zum Beispill bei der Fro no homosexuelle Mariagen an hire Kierche queesch gestallt.

Un hinne kéint eng Reform bannen der däitscher kathoulescher Kierch um Enn scheiteren. Mee datt sech trotzdeem eng dräistelleg Zuel u Leit getraut huet un d'Ëffentlechkeet ze goen, dat wéist: Ëmmer méi Leit am Déngscht vun der Kierch verléieren d'Angscht virun der Institutioun.