Mee wéi een Impakt huet den Outsourcing op déi lokal Produktioun a wat geschitt mat de Salariéen, déi aktuell am Schluechthaus schaffen?
"Stand haut brauche mir déi Aarbechtsplaz"
Ronn 150 Salariéë schaffen aktuell bei der Cobolux, dovunner 20 bis 25 Persounen am Schluechthaus, dat um Enn vum Joer seng Dieren zoumécht. Op d'Fro, wat mat de concernéierte Salariéë geschitt, äntwert de Cobolux-Direkter Paul Faltz:
"Stand haut brauche mir déi Aarbechtsplaz. Ech weess jo och haut nach net, wéi wäerten eis Clienten op dës Decisioun reagéieren. Wäerte se weider all mat eis zesummeschaffen?"
Sollt dat de Fall sinn, da géing de Paul Faltz am Moment kee gréisseren Impakt op d'Aarbechtsplaze gesinn. Et kéint een awer Stand haut net ausschléissen, "datt do eppes muss gemaach ginn." Mee wann dat de Fall wier, da wier den Impakt "ganz, ganz kleng a ganz, ganz minim."
Qualifizéiert Personal
Et géing ee kucken, datt déi concernéiert Mataarbechter esou gutt wéi méiglech intern ëmplacéiert ginn, verséchert de Paul Faltz.
"Mir hunn haut schonn e grousse Manktem an eisem Beruff vum Metzler, sou datt mir vill Atelieren hunn, wou mir aktuell souguer Mataarbechter sichen, a vue datt eis Leit am Schluechthaus och zimmlech qualifizéiert sinn an och zum gréissten Deel Metzler sinn, sou datt mir déi gréissten deels kënnen ëmplacéieren op déi aner Atelieren."
D'Decisioun, d'Schluechthaus zouzemaachen, hätt d'Cobolux och net vun haut op muer getraff, esou den Direkter. D'Oplagen, d'Investissementer a d'Käschten am Schluechte wieren iwwer déi lescht fënnef Joer ëmmer méi grouss ginn an d'Schluechtzuele wieren zeréckgaangen.
"Eleng och well et zu Lëtzebuerg e Bauere-Stierwe gëtt. Esou, datt mir manner geschluecht hunn an eis Käschte sinn deementspriechend an d'Luucht gaangen, sou datt eise Kilopräis explodéiert ass iwwer déi lescht Joer."
De Betrib fir d'Zukunft opstellen
Et wier een elo an enger Situatioun, wou et fir d'Zukunft net méi drobar wier. A fir de Betrib fir d'Zukunft opzestellen hätt een dës Decisioun elo geholl, an net an dräi oder véier Joer, sot de Paul Faltz.
Vum nächste Joer un gëtt also net méi zu Wecker geschluecht. D'Schluechthaus zu Wecker soll net eidel stoe bleiwen, mee an Zukunft fir déi strategesch Aktivitéite vun der Cobolux genotzt ginn. Domat gëtt et zu Lëtzebuerg vun nächstem Joer u just nach ee Schluechthaus, nämlech dat zu Ettelbréck.