"Et ass definitiv esou, datt mer d'Camione vun der Strooss erof wëllen. Datt mer wëlle fir d'Liewensqualitéit vun de Leit schaffen. A wéi déi Mesür dono am Konkreten ausgesäit, do muss der eis Zäit loossen, fir dat innerhalb vun den Aarbechtsgruppen am Beräich vun der Steierreform uerdentlech ze tranchéieren."
Et géif drëm goe fir ze iwwerpréiwen, wéi eng Mesuren iwwerhaapt technesch méiglech sinn. "Wéi kritt een déi berechent? Wéi vill mécht dat aus? Dat sinn déi Saachen, déi elo gekläert ginn", freet d'Carole Dieschbourg. Am Kader vun der Steierreform soll dann och am Detail gekläert ginn, wéi d'Klimaschutzmesurë sozial sollen ofgefiedert ginn.
Ëffentlech Consultatioun iwwer de Klimaplang ass lancéiert
De Klimaplang vun der Regierung kann an den nächste Wochen nach geännert ginn, sou d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg. Haut Mëttwoch fänkt eng ëffentlech Consultatioun iwwer de Plang un. Iwwer déi nächst sechs Woche kënnen d'Bierger online hir Meenung erareechen. Wann een net bereet wier eppes ze änneren, da bräicht een och keng esou Consultatioun ze maachen, sou d'Carole Dieschbourg. Si huet och ënnerstrach, d'Regierung wéilt verschidde Klimaschutzmesurë sozial offiederen.
Klimaschutzmesurë solle kompenséiert ginn, fir sozial schwaache Leit ënner d'Äerm ze gräifen, mee och "d'Mëtt vun der Gesellschaft" soll vu Kompensatioune profitéieren. "Et geet also net just ëm d'Allocation de vie chère, do muss ee méi Moyene kucken. Mir wäerten ënner anerem doriwwer diskutéieren, d'Crédits d'impôts ze notzen. Dat heescht: Mir hunn do definitiv wëlles eng selektiv Politik ze maachen", sou d'Carole Dieschbourg.
Carole Dieschbourg: D'Politik muss elo Decisiounen huelen
D'Regierung krut an de leschte Méint dacks reprochéiert, hire Klimaplang wier net detailléiert genuch. De Mëttwoch huet den Ëmweltministère elo ee Plang vun iwwer 200 Säiten online gesat. De Plang soll an den nächste Wochen ëffentlech ausdiskutéiert ginn.
Et géif ee sech och nach zesumme mam Premierminister a mam Landwirtschaftsminister d'Bauerenassociatioune gesinn, fir iwwer de Beräich vun der Landwirtschaft ze diskutéieren, deen dës Kéier fir d'éischt an dësem Klimaplang mat géif afléissen. Si hätt och wëlles fir Wirtschafts- an Industrievertrieder an Ëmwelt-ONGen ze gesinn, sou d'Carole Dieschbourg.
Verschidden Organisatiounen haten der Ëmweltministesch scho wärend dem Prozess reprochéiert, datt si net richteg géifen agebonne ginn. Dat wier esou net ganz wouer, sou d'Carole Dieschbourg. De Klimaplang wier en Dokument, dat ënner anerem op Consultatioune géif foussen, déi iwwer déi lescht Jore gemaach goufen. Et wier elo un der Politik, fir hir Verantwortung ze iwwerhuelen, fir Decisiounen ze huelen.