Radioen

On air

Notturno  |  C'est Karma - Industrial Salt

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CNS ëm zwou Milliounen Euro bedrunn

Viru Geriicht

CNS ëm zwou Milliounen Euro bedrunn

"Ech si kee Gangster, ech si net kriminell", dat sot déi Haaptugekloten am Prozess ëm illegal Viremente bei der CNS. Wärend zéng Joer huet d'CNS-Employée iwwer zwou Milliounen Euro iwwer fiktiv oder ze vill héich Rechnungen ënnerschloen an un dräi Bekannten iwwerwisen déi mat ugeklot sinn.



auto_stories

2 min

Ech war e bësse wéi de Robin Hood, sou déi beschëllegt déi d'Faiten zu kengem Moment geleegent huet. Ee Verglach deen d'Riichterin esou net wollt stoe loossen. Et huet mat klenge Montanten ugefaangen, a well et kengem opgefall ass, ass et ëmmer méi ginn, sou d'Fra déi 35 Joer laang bei der CNS geschafft huet.

Virementen goufen ni kontrolléiert

Viru Geriicht huet de Responsabele vun der interner Finanzkontroll bei der CNS missen zouginn, datt d'Virementen déi vum CNS-Personal gemaach gi, bis dohin effektiv ni kontrolléiert goufen. D'Fra wier hiren eegene Kontrolleur gewiescht. Dat gouf awer zanter dem geännert. D'Affär ass och nëmmen duerch Zoufall opgeflunn, well e Student en opfällegt Dokument op enger Kopiesmaschinn bemierkt hat an doropshi mat enger anerer Mataarbechterin Récksproch gehalen hat.

D'Beamtin huet verschiddene Bekannten Dokteschrechnunge rembourséiert, dofir awer ze vill héich Zommen iwwerweise gelooss. Dat ënnert der Konditioun, dat si selwer d'Hallschent zréck iwwerwise krut. Déi Matugekloten, déi op des Manéier vum System profitéiert hunn, hunn erkläert datt si naiv gewiescht wieren. Déi Beschëllegt selwer sot, datt déi Matugekloten zu kengem Moment gewosst hätten, datt si Sue vun der CNS géif ënnerschloen an zum Deel Prestatiounen am Ausland géif erfannen. Och hire Liewenspartner wier net driwwer am Bild gewiescht, wou d'Geld géif hierkommen. Hiere Liewensstil hätt sech doduercher net weider verännert, sou nach déi beschëllegt. Ob déi Betraffen sech dann net Froe gestallt hätte wou dat Geld géif hier kommen, sou d'Riichterin. Déi hunn doropshin erkläert, datt si naiv gewiescht wieren.