Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nirvana - The Man Who Sold The World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CNPD: CovidCheck am Betrib schwiereg ëmzesetzen

CovidCheck

CNPD: CovidCheck am Betrib schwiereg ëmzesetzen

De CovidCheck-Regimm an der Aarbechtswelt wier aus enger Dateschutz-Siicht schwiereg ëmzesetzen, seet de Kommissär vun der Dateschutzkommissioun Thierry Lallemang op Nofro hin.

auto_stories

1 min

D'CNPD huet den Dënschdeg hire Joresrapport fir 2020 presentéiert. Wann d'Betriber aus Dateschutz-Grënn net wéilten de CovidCheck-Regimm aféieren, da kéint ee Grond déi onprezis Formuléierung am Gesetzestext sinn, esou den Thierry Lallemang.

"Ech géif mengen, datt et aus Onsécherheet ass. Datt d'Entreprisen net wëssen, wéi se dat sollen handhaben. Ob se da konform sinn zum RGPD. Datt se vläicht soen, datt se riskéieren, datt e Contrôle kënnt vun der CNP. Da vläicht eng Enquête opgemaach gëtt."

D'Dateschutzkommissioun hat an engem Avis iwwert dat neit Covid-Gesetz kritiséiert, datt beim Covid-Check-Regime net virgesinn wier, wat fir Daten-Traitementer vum Employeur misst en place gesat ginn, fir konform mam RGPD ze sinn.