Op Basis vun de leschten internationalen an nationale Previsioune geet de Conseil national des Finances publiques dovunner aus, datt d'Staatsfinanze sech weider verschlechteren an d'Schold hei am Land eropgeet. Dozou de CNFP-President, Romain Bausch.
"Et ass eis och wichteg ze soen datt et eng generell a strukturell Tendenz ass. Et ass also net eppes Eemoleges, wat elo hei geschitt wier, oder wat hei géif geschéien."
Wat déi makroekonomesch Previsiounen ugeet, esou wier de Programme de stabilité et de croissance Enn Abrëll nach vun enger staarker Croissance fir dëst an nächst Joer ausgaangen, esou de Romain Bausch. Rezent Projektioune géingen awer méi pessimistesch ausfalen.
"De STATEC tabléiert elo a senger Note de conjoncture op eng Croissance vun 1,5 Prozent nëmme fir dëst Joer, amplaz 2,4 Prozent am PSC. A fir 2024 op 2,5 Prozent, amplaz 3,8 Prozent am PSC."
Wuesstem gesäit méi flaach aus
De Profil vum Wuesstem géif deemno vill méi flaach ausgesinn, wéi nach virun 3,4 Méint an de Previsioune vum Programme de stabilité et de croissance, betount de President vum Conseil national des Finances publiques. Wat d'Inflatioun ugeet, esou géingen d 'Previsioune vum PSC an déi rezent Projektiounen awer manner wäit ausernee leien.
"Déi nei Zuele sinn e bëssen anescht. Fir 2023 3,9 Prozent amplaz 3,4 Prozent. Dat heescht e bësse méi Inflatioun dëst Joer. Awer fir nächst Joer 2,5 Prozent amplaz zwee amplaz 2,8 Prozent. Dat heescht e bësse manner Inflatioun nächst Joer."
Bei de Budgets-Previsiounen ass de CNFP-President iwwerdeems der Meenung, datt et am Programme de stabilité et de croissance eng Surestimatioun vun den Depense géif ginn. Zum Beispill bei der Enveloppe déi fir d'Solidaritéitspäk virgesi wier.