De Conseil national des finances publiques iwwerwaacht, datt d'Staatsfinanzen am Equiliber bleiwen. E Méindeg huet den onofhängege Gremium d'Evaluatioun vum Projet fir de Staatsbudget fir d'nächst Joer a vum Budget pluriannuel bis 2026 presentéiert.
Defizit verduebelt sech d'nächst Joer
Dëst Joer schléisst den Zentralstaat mat engem Defizit vun 1,3 Milliarden Euro of.
D'nächst Joer wäert sech déi Zuel mat engem Defizit vun 2,8 Milliarden verduebelen - virun allem de Solidaritéitspak schléit heibäi mat 1,2 Milliarden an d'Gewiicht.
De CNFP-President Marc Wagener rechent domat, datt sech d'Staatsfinanzen tëschent 2024-2026 nëmme ganz lues wäerten erhuelen. Esouguer wann déi verschidden Anti-Krisemesurë géifen auslafen, da géif ee vun 2,8 Milliarden op zwou Milliarden Defizit am Joer 2024 goen, an nach 1,5 Milliarden Defizit am Joer 2026.
Dem System geet lues a lues d'Loft aus
Fir ze kucken, op de pluriannuelle Budget déi europäesch Budgetsnorm respektéiert, kuckt déi Europäesch Kommissioun de sougenannte Solde public. Den Defizit vum Zentralstaat gëtt deemno mam Iwwerschoss vun der Sécurité sociale verrechent ginn. Mee och hei géif d'Tendenz no ënne weisen, well d'Alterspyramid lues a lues géif kippen, esou de Marc Wagener:
"Bis zum Joer 2026 kommen all Joer ronn véier Prozent Pensionäre bäi. Et kommen awer just 2,5 Prozent méi Cotisanten bäi. Dat heescht datt lues a lues deem System d'Loft ausgeet."
Weider géifen d'Zuelen aus dem Budget pluriannuel drop hindeiten, datt d'Staatsscholden 2026 bei 29,5 Prozent vum PIB kéinte leien. Wann also näischt sech ännere géif, wier et gutt méiglech, datt 2027 déi 30 Prozent géifen erreecht ginn, déi d'Regierung laut hirem Koalitiounsprogramm net wëllt iwwerschreiden.
Am Abrëll wäert de CNFP d'Zuelen op en Neits evaluéieren fir ze kontrolléieren, ob Lëtzebuerg net an eng Rezessioun rëtscht. De Budgetsprojet gëtt iwwerdeem nächste Mount am Plenum debattéiert.