Dem Paul Lesch säi Mandat geet bis Februar 2023. Hie géif awer op Demande vun der Kulturministerin Sam Tanson den Interim maache bis en Nofollger fonnt wier, heescht et.
Wéi mir dat am Mäerz dëst Joer gemellt haten, war de Paul Lesch intern ëmstridden. Zanter dem leschte Joer gouf et eng Mediatioun fir tëscht der Direktioun an Deeler vum Personal ze vermëttelen.
Kritik gouf et un der Manéier, wéi den Direkter d'Digitaliséierung an d'Zesummeleeë vun den Archive vum CNA geréiert huet. D'Mediatioun ass dono gescheitert, an et gouf e Comité d'accompagnement agesat.
De Paul Lesch kritt och eng nei Tâche, wéi de Kulturministère präziséiert. E gëtt Commissaire vun den Edward Steichen-Kollektiounen. Domat wier de Paul Lesch dann zoustänneg fir d'Recherche ronderëm d'Wierk vum international renomméierte Fotograf mat Lëtzebuerger Originnen.
Reporter.lu hat iwwerdeems gemellt, datt eng fréier Direktiounssekretärin vum CNA virun engem Mount zu 18 Méint Prisong op Sursis condamnéiert gouf well se vun 2010 bis 2020 Suen aus der Keess vum CNA detournéiert hätt.