Tester op de Virus an op Antikierper CMCM-Generaldirekter: Labo huet Test mat CMCM-Personal validéiert
D'Gesondheetsmutuelle CMCM huet dës Woch, bis op zwou Ausnamen, all hir Mataarbechter op de Coronavirus teste gelooss. E Privatlabo hätt e Frotti-Test an der Nues an en Antikierper-Test duerchgeféiert. Dat seet den CMCM-Generaldirekter Fabio Secci, dee betount, datt et e fräiwëllegen Test war, deen och mam Betribsrot ofgeschwat war. De Laboratoire hätt d'CMCM-Beleegschaft geholl, fir den Test ze validéieren.
De private Laboratoire hätt d'CMCM kontaktéiert, mat der Fro, op d'Mutuelle bereet wier, bei hire Memberen en Deel vun de Käschte vun engem duebelen Test ze iwwerhuelen. De Labo wollt dës Tester ubidden "fir de Fall, wou e Patron géif soen, 'hei ech géif gäre meng Beleegschaft teste loosse fir erauszefannen, wien ass positiv, wien huet d'Antikierper, wien ass ustiechend'. Natierlech op fräiwëlleger Basis fir d'Reprise."
Bei der CMCM hätt een déi Iddi och gutt fonnt, seet hire Generaldirekter Fabio Secci. Et hätt sech dunn awer erausgestallt, datt den Test den Ament net liwwerbar wier, an de private Labo just ee Kit mat ronn 70 Tester krut.
"Et ass also net esou, datt mir do iergendengem eppes ewech geholl hunn. Dat war souwisou nëmmen een eenzele KIT."
Zesummenaarbecht tëschent Labo an CMCM
Et wier een dunn zesumme mam Labo zu der Conclusioun komm, datt déi 67 Mataarbechter vun der CMCM eng gutt Unzuel wieren, fir den neien Test ze probéieren. Datt déi Mataarbechter keng Verschreiwung vum Dokter gebraucht hu wier normal, seet de Fabio Secci. Am Prinzip kéint all Mënsch, dee bereet ass, déi ganz Käschten ze iwwerhuelen, en Test bei sech maache loossen.
"Dat mécht keen, well et geet een net einfach esou mol bei e Laboratoire a seet: Maach mol iergendee Blutttest. Do sinn der jo och dobäi, déi wierklech deier sinn. Et huet ee jo all Intérêt drun, eppes ze maachen, wat vum Dokter verschriwwe gëtt, et kann ee jo oft mat de Resultater näischt ufänken."
"Wann déi Tester elo kommen, wou gi se agesat?"
Bei dem neien Antikierpertest kéim dobäi, datt en den Ament souwisou net verfügbar ass. D'Iddi, en Deel vun den Test-Käschten iwwer d'CMCM ze iwwerhuelen, wier net ganz vum Dësch. Wéinst der Knappheet vun den Tester, mengt de Fabio Secci awer, datt et besser wier primär an deene Secteuren ze testen, déi elo erëm opmaachen. Senger Meenung no misst dat och eng Prämiss vun der Regierung sinn, respektiv der Cellule de Crise, fir ze entscheeden: "Wann déi Tester lo kommen, wou gi se agesat?"
Bei der Beleegschaft vun der CMCM wieren iwwerdeems e puer Leit getest ginn, déi schonn Antikierper haten an deemno an de leschte Wochen de Virus haten, ouni Symptomer ze hunn, respektiv Symptomer enger anerer Krankheet zougerechent goufen. Datt si an der Zäit hir Kolleegen net ugestach hunn, dat wäert de Generaldirekter vun der CMCM Fabio Secci als en Zeechen, datt d'Hygienes- an Distanz-Mesuren, déi een am Betrib geholl hätt, wierken.