CORONA-PANDEMIE Cluster am Vitalhome zu Keel

Am Vitalhome zu Keel sinn 8 vun 39 Residenten, also ee Fënneftel vun den Awunner, zanter dem Ufank vum Mount un oder mat Covid-19 gestuerwen. Dat deelt d'Croix Rouge op eis Nofro hi mat.

Maxi Pesch / tt

Exklusiv Alters- a Fleegeheem
Symbolbild. Foto: Bigstock / Chinnapong

Réicht muer sollen déi mobil Ekippe vun der Santé och an de Vitalhome op Keel géint Covid-19 impfe kommen. Bei hirer Prioriséierung mécht d'Santé en Ënnerscheed tëschent Alters- a Fleegeheemer an den encadréierte Logementer. Deemno hätte verschidden Awunner vum Vitalhome tëschent dem 22. a 26. Februar eng Invitatioun kritt fir sech am Centre de Vaccination impfen ze loossen, erkläert de Luc Scheer, Responsabel fir d'Kommunikatioun bei der Croix Rouge. Wien vun den Awunner deemols eng Invitatioun krut a wien sech impfe gelooss huet konnt d'Croix Rouge net beäntwerten.

Zur selwechter Zäit, de 27. Februar gouf en éischte Fall an der Struktur vun der Croix Rouge detektéiert. Direkt duerno wieren d'Residenten nees an hiren Zëmmere confinéiert ginn, hätten net méi zesumme giess an d'Visitte wiere verbuede ginn.

Alles an allem hätte sech awer 25 Residenten an 13 Mataarbechter mam Coronavirus infizéiert. 8 vun den 39 Residente wiere mëttlerweil un oder mam Coronavirus gestuerwen, esou de Spriecher vun der Croix Rouge.

Haut wieren nach fënnef Residente positiv a sechs Persounen hospitaliséiert. Zënter leschter Woch wier keen neie positive Coronafall méi detektéiert ginn.

Souwuel d'Residente wéi och d'Personal géifen elo psychologesche Support kréien, seet de Luc Scheer.

Méi zum Thema

Alters- a Fleegeheem
Corona-Pandemie

Et ginn nei Cluster an zwee verschidden Alters- a Fleegeheemer. Dat deelt d'Familljeministerin Corinne Cahen op Nofro hi mat. Zu Rodange goufen et 16 positiv Fäll, an zu Boufer goufen et der 20.

Eine medizinische Fachangestellte setzt bei einem Probedurchlauf im Impfzentrum Bamberg bei einer Dame die Kanüle zur Impfung an. In der Spritze befindet sich kein Impfstoff. Im sich noch im Aufbau befindlichen Impfzentrum in der Bamberger Brose Arena wur
Gesondheet

Bis de 5. Mäerz si 576 Persoune mat enger Behënnerung a ronn 27 Strukture geimpft ginn, sou de Gesondheetsministère op Nofro hin. Bis de 25. Mäerz soll d'Impfcampagne an alle 27 Strukturen ofgeschloss sinn.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen