Medien CLT-UFA wëllt aus UER austrieden
CLT-UFA wëllt aus der Unioun vun den europäeschen ëffentlech-rechtleche Sender austrieden. Dat huet CLT-UFA der Union Européenne de Radio-Télévision (UER) viru kuerzem matgedeelt.
D'Duechtergesellschaft vum RTL Grupp misst eng Cotisatioun bezuelen, kéint d'Virdeeler vun der Memberschaft awer wéineg notzen, heescht et als Erklärung op Nofro hin.
D'UER organiséiert de Eurovision Song Contest. D'Kooperative organiséiert a geréiert Senderechter fir Sport- a Kulturevenementer. Si bitt och technesch Servicer fir Memberen an Net-Memberen un. D'UER huet iwwer 73 Memberen aus iwwer 50 Länner a gesäit sech als d'Interessevertriedung vun den ëffentlech-rechtlechen audiovisuelle Medien an Europa.
Zu Lëtzebuerg sinn den ëffentlech-rechtleche radio 100,7 an CLT-UFA Member. CLT ass zënter 1950 an der UER, wëllt d'Memberschaft awer op den 31. Dezember stoppen.
Virun e puer Méint huet CLT-UFA mam Staat en neie Konzessiounsvertrag ausgehandelt, deen dem kommerzielle Sender RTL Télé e Charakter als Service Public gëtt. Doduerch wäert RTL vun 2021 un eng staatlech Subventionéierung vu bis zu 10 Milliounen Euro d'Joer kréien.