Wëll Wuerzel Clever nätzen

Am Gaart ass et zur Zäit zimmlech dréchen. Dofir erkläert d'Lara Bousch eis an engem Special vun der Serie Wëll Wuerzel, wéi ee clever nätzt.

Lara Bousch

Wëll Wuerzelpic.jpg

Waasser ass eng vun de wichtegste Ressourcen am Gaart iwwerhaapt. A wann den Himmel streikt, esou wéi déi lescht Wochen, muss een nätzen. Fir datt déi Corvée net grad esou vill Aarbecht mécht, gëtt et e puer Saachen, déi hëllefen.

Als aller éischt spillt de Buedem eng wichteg Roll. E gudden Apport vu Kompost hëlleft fir d'Späichercapacitéit vu Waasser ze steigeren. Och d'Lackere vum Buedem hëlleft, well d'Waasser sech an den Huelraim vum Buedem sammele kann. An e Buedem, dee méi Waasser behält, muss logescherweis net esou vill genätzt ginn.

Als zweet mécht et vill aus, wann een de Buedem mulcht. E plakege Buedem erhëtzt sech méi séier, an d'Waasser ka méi séier verdonsten. Bléift de Buedem awer bedeckt, zum Beispill duerch Stréi, Grasschnëtt, dréche Blieder, Holzhäcksel oder am beschten eng Mëschung dovunner, ass de Buedem besser geschützt viru Sonnenastralung an Hëtzt.

Et ass besser all puer Deeg e gudde Strapp ze nätzen, wéi all Dag mat just e bëssi Waasser. Wat d'Waasser méi déif an de Buedem fléisst, wat et manner evaporéiert, wann et waarm ass. Fir datt 1 m2 Buedem bis 10 cm déif naass gëtt, brauch et 10 l Waasser. Am Fréijoer, wann d'Planzen nach net esou déif wuerzelen, geet dat duer. Dat heescht fir 20 cm déif 20 Liter an 30 cm déif 30 Liter pro m2. De Buedem kann naass ausgesinn, op der Uewerfläch, mee et ass am Beschte kuerz am Buedem ze wullen, an da mierkt ee schonn, op et weider ënnen awer dréchen ass oder net. Dat ass definitiv wichteg, wann ee richteg wëllt nätzen.

An der Mediathéik:

Wëll Wuerzel / / Lara Bousch
Lauschteren

Méi zum Thema

Wëll Wuerzel
Wëll Wuerzel

Tëschent den normalen Episode vun eiser neier Serie Wëll Wuerzel, ginn et och mol Specials, wou mir eis komplett engem Theema widmen. D'Lara Bousch erkläert, wéi een e Beet kann uleeën, ouni mussen ze gruewen.

Geméis
Frigo Anti-Gaspillage

Zanter zwee Méint steet an der Gemeng Helperknapp ee Frigo, deen dozou bäidroe soll, d'Verschwendung vu Liewensmëttel zu Lëtzebuerg ze reduzéieren. D'Rahel Könen huet sech de Projet erkläre gelooss.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen