Als Ombudsman ass et der Claudia Monti hir Aufgab, Konflikter ze léisen a Mënschen zu hirem Recht ze verhëllefen, wa si Problemer mat beispillsweis enger Verwaltung hunn. Nieft där vum Ombudsman huet d'Claudia Monti awer och nach eng aner Funktioun: als sougenannten "Contrôleuer externe des lieux de privation de liberté" iwwerpréift d'Claudia Monti reegelméisseg beispillsweis am Prisong d'Anhale vun de Rechter vun de Gefaangenen.
Extern Consultatiounen: Ee Garant fir d'Neutralitéit
Consultatioune vun enger externer Kontrollinstanz wiere wichteg fir eng Neutralitéit vun den Decisiounen, déi an enger Institutioun geholl ginn, ze garantéieren. D'Claudia Monti wéilt hei gären eng neutral Basis schafen, fir en Dialog ze fannen, an dat och, wann zum Beispill an Altersheemer Problemer opkommen.
Mat deem aktuelle Gesetz huet si awer nach net d'Erlabnis, CIPAen oder Fleegeheemer ze besichen fir d'Anhale vun de Mënscherechter ze kontrolléieren - also zum Beispill och dat neit Altersheem vun Orpéa zu Märel am Aen ze behalen. A Frankräich an och an anere Länner sinn beim Grupp Orpéa schlëmm Mëssstänn opgedeckt ginn.
Fir ze verhënneren, datt dat och hei geschitt, wéilt si awer als Ënnerstëtzung, komplementar zu den interne Kontrollinstanzen, consultéiert ginn, seet d'Ombudsman:
"Et soll ëmmer léisungsorientéiert sinn, net funktionell gesi ginn, mee ëmmer léisungsorientéiert."
Ethikréit fir Alters- a Fleegeheemer: Et gëtt nach Sputt
D'Iddi vun Ethikréit an den Alters- a Fleegeheemer fënnt si gutt. Mee den Projet de loi, sou wéi en elo virläit, géif fir den aktuelle Besoin, dee si dofir hei am Land awer gesäit, net duergoen. Si gesäit am Text nach Sputt, fir den Ombudsman méi anzebezéien.
"Do ass en Ethikrot gefuerdert, mee et geet net duer mat engem Ethikrot, dee villäicht net déi selwecht Approche huet wéi eng Mediatioun oder e Mediateur, deen ee kann kontaktéieren, deen aner Leit kënnen kontaktéieren, wann si Mëssstänn feststellen, wou een da kann ouni sech unzemellen op d'Plaz goen an nokucken, wéi d'Situatioun ass."
D'Claudia Monti ënnersträicht och nach, datt - egal a wéi engem Beräich - ëmmer am Interêt vun de Leit soll gehandelt ginn. Dat wier mëttlerweil och an de Ministère verstane ginn, esou d'Ombudsman.