Radioen

On air

Notturno  |  Alan Vega - Nike Soldier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Wiseler confirméiert Kandidatur fir CSV-Presidence

Erneierung vun der CSV-Spëtzt

Claude Wiseler confirméiert Kandidatur fir CSV-Presidence

De Claude Wiseler ass Kandidat fir CSV-President ze ginn, dat huet den 61 Joer alen Zentrums-Deputéierten elo offiziell confirméiert. Um CSV-Kongress de 24. Abrëll wëllt hien zesumme mat engem Team vu Kandidate fir déi verschidde Parteiposten untrieden. Den Europadeputéierte Christophe Hansen trëtt dann u fir Generalsekretär ze ginn. Den Deputéierten an aktuellen Interim-Generalsekretär Paul Galles an déi Suessemer Gemengeréitin Anne Logelin kandidéiere fir déi zwee Vize-Presidenteposten.

auto_stories

4 min

Als neie President wëll de Claude Wiseler eng Statutereform proposéieren: D'Presidence an d'Generalsekretariat sollen an Zukunft vun enger Duebelspëtzt assuréiert ginn. Doriwwer soll a sengen Ae bis spéitstens am Hierscht op engem Kongress ofgestëmmt ginn. Kandidatin fir "Presidente adjointe" wier dann déi aktuell Vize-Presidentin Elisabeth Margue. An als Co-Generalsekretärin géif dann déi aner aktuell Vize-Presidentin Stéphanie Weydert kandidéieren.

D'CSV-Fraktioun an der Chamber funktionéiert vun elo un och mat enger duebeler Spëtzt: An zwar kritt d'Martine Hansen de Mamer Deputé-Maire Gilles Roth zur Säit gestallt. Offiziell ass de Gilles Roth Adjoint vun der Fraktiounspresidentin - déi zwee sollen d'Fraktioun awer zesumme leeden, erkläert de Claude Wiseler. Am Laf vun der Legislaturperiod kéinten déi zwee och hir offiziell Titelen - President an Adjoint - tauschen.

D'Zesummestelle vun enger Equipe wier eng Konditioun gewiescht, fir als CSV-President ze kandidéieren, esou de Claude Wiseler. Hien hätt net misste fir dës Kandidatur iwwerriet ginn. Deel vu senger Liewensplanung wier et awer net gewiescht.

"Mee dat ass an der Politik ginn d'Saachen ëmmer anescht wéi e mengt. Mir sinn elo an enger schwiereger Situatioun. Déi Diskussiounen, déi mer gefouert hunn, hunn elo bei alle Kolleegen drop gefouert, datt dat do kéint sënnvoll sinn, wa mer dat gemeinsam géife maachen."

Mat engem President Claude Wiseler soll d'Gouvernance vun der CSV ouni Reiwung lafen. Et soll a Frëndschaft matenee geschafft ginn. Op d'Fro wat hien anescht wéi de Frank Engel wéilt maachen, seet de Claude Wiseler, datt d'Leit dobausse net géifen net verstoe, wann een an enger Partei Streit huet...

"Respektiv wann an enger Partei eenzel Meenungen ausgedréckt ginn, ouni datt dat mateneen ofgeschwat ass. Ech hätt also gäre Koherenz an d'Partei, an d'Linn an Zesummenhalt intern."

Nach kee Spëtzekandidat

De Claude Wiseler seet, hien hätt net wëlles 2023 nach eng Kéier CSV-Spëtzekandidat bei de Chamberwahle ze ginn. Bei de leschte Chamberwahlen 2018 hat hien als Spëtzekandidat d'Wahle verluer.

"Ech hunn déi Kandidatur hei sécher net gestallt fir duerno Spëtzekandidat ze ginn. Dat ass net meng Intentioun. Déi zwou Saache sinn absolut net matenee verbonnen."

De Claude Wiseler war vun 1995 bis 2000 CSV-Generalsekretär, a vun 2009 bis 2014 CSV-Vizepresident. 1999 war hien eng éischte Kéier an d'Chamber gewielt ginn. Minister war hien tëschent 2004 an 2013. An CSV-Fraktiounschef war de Claude Wiseler vun 2014 bis 2018.

Frank Engel kandidéiert net fir d'Parteipresidence

D'CSV stécht an enger Kris. Dat spéitstens zënter hire President Frank Engel säin Amt den 19. Mäerz annoncéiert huet, datt hie säin Amt roue léist. Dat nodeems eng Rei Fraktiounsmemberen eng Justizenquête provozéiert hate, wéinst dem ëmstriddenen Aarbechtsvertrag vum Frank Engel bei der asbl "CSV Frëndeskrees". Virdru goufen et schonn Tensiounen tëscht der Partei an hirem President wéinst dem Frank Engel sengem Virstouss iwwer d'Ierschafts- a Verméigenssteier am Summer 2020.

Uganks Mäerz hat de Frank Engel annoncéiert, datt hie fir ee weidert Mandat als President géif kandidéieren. Nom Tëschefall wéinst dem "CSV Frëndeskrees" huet hien eng weider Kandidatur dunn definitiv ausgeschloss.

Erneierung vu Bezierksspëtzen

Ob et um CSV-Kongress de 24. Abrëll Géigekandidature fir eenzel Poste wäerte ginn, konnt de Claude Wiseler op Nofro hin net ausschléissen. Mee d'Equipe mat där hien untrëtt wier am Konsens mat der Fraktioun an an Ofsprooch mat de Parteigremien entstanen.

De 24. Abrëll organiséiert d'CSV nieft dem Nationalkongress an engems och hir véier Bezierkskongresser, wou dann och eng ganz Rei Poste musse besat ginn. Deemno géif den CSV-Schäffe vu Wuermer Max Hengel fir eng weider Amtszäit als Bezierkspresident am Oste kandidéieren. De Jeff Boonen ass Kandidat fir Bezierkspresident am Norden - eng Funktioun déi den Europadeputéierte Christophe Hansen den Ament nach huet. Am Zentrum kandidéiert de Buergermeeschter vu Weiler-La-Tour, Vincent Reding als President - déi Funktioun huet aktuell d'Natalie Sliva, Buergermeeschtesch an der Fiels. Am Süden trëtt de fréiere Buergermeeschter vu Stengefort Jean-Marie Wirth fir eng weider Amtszäit un.

Inhaltlech Positionéierung eréischt nom Kongress

Wou d'CSV an den nächste Joren inhaltlech soll hi steieren, wëllt de Claude Wiseler eréischt um Kongress de 24. Abrëll ukënnegen. Ob hien als Partei-President gesondheetspolitesche Spriecher vun der Fraktioun bleift, wier nach net gekläert. Hie géif dovun ausgoen, dat de Finanzaudit bei der CSV virum Nationalkongress fäerdeg gëtt. Et wier wichteg, e Stréch ënnert eng Rei Saache kënnen ze zéien an duerno als nei Equipe op enger transparenter a klorer Basis kënnen ze starten.