Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Claude Turmes léisst eng Rei Kritikpunkten net gëllen

OECD-Rapport

Claude Turmes léisst eng Rei Kritikpunkten net gëllen

Och déi Lëtzebuerger Ekonomie kritt d'Präishaussen, bedéngt duerch de Krich an der Ukrain an d'Nowéie vun der Covid19-Pandemie ze spieren. Lëtzebuerg misst dorop reagéieren, dat geet aus dem neien OECD-Rapport ervir, deen haut um Donneschdeg de Mëtteg presentéiert gouf. Virun allem misste Mesurë géint déi héich Präishaussë bei der Energie geholl ginn, heescht et.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Virun allem misste Mesurë géint déi héich Präishaussë bei der Energie geholl ginn: d'Organisatioun fir ekonomesch Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD) recommandéiert méi cibléiert Subventiounen an Allocatiounen.

Präisdeckel steet an der Kritik

Speziell kritiséiert gëtt Lëtzebuerg wéinst dem Präisdeckel fir d'Energie. Dëse géif d'Leit net dozou incitéieren, Energie ze spueren.

Et hätt awer e Grond, firwat een als Regierung decidéiert hätt, hei alle Leit ënner d'Äerm ze gräifen, seet de Minister fir Energie Claude Turmes. Dëst wier wéinst dem Indexsystem, well ee wéilt evitéieren, datt een nächst Joer sechs Indextranchen hätt:

"Well dann hätte mir och kee soziale Fridde méi hei zu Lëtzebuerg. An ech mengen d'OECD, wann se e bësse méi genee op eise System mat der Indexatioun kuckt, dee jo och e System ass deen eis Fridde quasi garantéiert: Mir hunn hei keng Streiken an dat ass och en immensen Atout."

CO2-Steier misst weider eropgesat ginn

D'OECD kritiséiert och, datt d'Lëtzebuerger Efforten, fir géint Zäregase virzegoen, an de leschte Joren zeréckgaange wieren. Dat wëll de Claude Turmes net esou stoe loossen. Hie berifft sech op d'Zuele vun de leschte Méint, et géif een de Moment 30 Prozent an esouguer méi spueren:

"An dat weist, datt eis Spuercampagne - wou de Staat, d'Gemengen, sämtlech Wirtschaftsacteure mat der Industrie awer och d'Leit - si maache mat. Ech mengen d'Force vu Lëtzebuerg ass eisen Zesummenhalt. An dofir ass déi Analyse vun der OECD, datt déi Moossname vun der Tripartite net zilféierend wieren, dat ass eng Analyse, déi mir net deelen als Regierung."

Fir d'Recommandatioun vun der OECD, datt Lëtzebuerg seng d'CO2-Steier an Zukunft misst weider eropsetzen, hätt een eng gutt Grondlag. Déi 40 Prozent u Leit, déi am mannsten Akommes zu Lëtzebuerg hätten, géifen d'CO2-Steier guer net spieren, well si dës iwwer de Crédit d'impôt kompenséiert kréichen, esou de Claude Turmes. Doduerch hätt een elo eng grouss Akzeptanz.

D'Suen, déi iwwer dës Steier géifen erakommen, géifen exklusiv a Klimaschutzmoossname fléissen. Och dat géif eng gutt Grondlag bidden, fir iwwer dat nächst Joer eraus d'CO2-Steier progressiv unzehiewen, esou nach den Energieminister Claude Turmes.