Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Marley Waters - Brushcutter

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Claude Turmes: "Do si mir amgaang drun ze schaffen"

Solarenergie

Claude Turmes: "Do si mir amgaang drun ze schaffen"

D'Produktioun vu Solarenergie hei am Land soll sech bis 2030 verdräifachen: fir dëst Zil ze erreechen, goufen eng Rei nei Mesuren ugekënnegt. An der Vergaangenheet hat d'Regierung awer nach weider gréisser Absichten am Beräich vun der Produktioun vu Solarstroum ugekënnegt. "Mir schaffen drun", seet dozou de Claude Turmes.

auto_stories

3 min

"D'Regierung wäert d'Obligatioun aféieren, datt no enger Transitiounsphas op der ganzer Daachfläch vun all nei Konstruktioun eng Photovoltaik-Anlag muss installéiert ginn." Dat hat de Premier Xavier Bettel schonn am Oktober d'lescht Joer an der "Ried zur Lag vun der Natioun" ugekënnegt.

Eng Obligatioun bei Privat-Diecher?

Mee wou ass dëse Projet drun? Ätferten dozou huet op eis Nofro den Energieminister Claude Turmes ginn. Et wier een nämlech am gaangen, drun ze schaffen.

"Dat wäerte mir nach virum Summer elo an d'Regierung bréngen an da wäerte mir dat do unhuelen. Wann ech eng nei Hal bauen, dann ass et wichteg, datt d'Statik gutt ass, datt och den Traffo esou dimensionéiert ass, datt ech schonn eng Gaine hunn, fir datt eben net herno onnéideg Käschten entsti wann ech Solarenergie op mäin Daach maachen."

Wäert et deemno och eng Obligatioun fir nei Privat-Diecher ginn, fir Solaranlagen drop ze installéieren?

"Fir d'Privat-Diecher gëtt et eigentlech schonn eng Obligatioun, also fir déi nei Haiser, iwwer déi bestoend Normen. Do wäerte mir weider näischt méi brauchen ze maachen."

Solaranlagen op neien Industrie-Gebaier

Fir déi Leit, déi sech eng Solaranlag net kënne leeschten, iwwerhëlt de Staat d'Käschten, hat de Xavier Bettel am Oktober annoncéiert. Nodeem de Staat d'Käschten iwwer d'Stroumproduktioun amortiséiert huet, kritt de Proprietär d'Anlag geschenkt, hat et deemools geheescht.

"Dat kënnt. Och do si mir am gaangen drun ze schaffen. Do wäerte mir Iech méi Detailer ginn, och an zwou, dräi Wochen."

Vum 1. Januar 2024 un sollen nei Industrie-Gebaier esou gebaut ginn, datt Solaranlage kënnen drop kommen, steet am nationalen Energie- a Klimaplang - Versioun 2023 - ze liesen.

"Dat gëtt och eng Obligatioun. Mee d'Obligatioun ass de PV-ready. Ob si da selwer an d'Solaranlag investéieren oder een Drëtten, dat wäerte mir warscheinlech op loossen."

Een neie Regëster soll kommen

De Staat selwer wëll bei de Solaranlage mam gudde Beispill vir goen. Virun allem fir déi eege Consommatioun wëll de Staat op all sengen neie Gebaier Photovoltaik-Panneauen installéieren, hat et am Mäerz dëst Joer am Energie- a Klimaplang geheescht.

"Also et ass esou, datt ech mam François Bausch zesummen dru schaffen. A mir wäerten nom Summer eng Pressekonferenz maachen, wou mir déi nei, zousätzlech Efforte vu Bâtiments publics awer dann deelweis och vu Ponts et Chaussées op hire Park-and-Riden wäerte mir déi da public maachen."

Donieft hat d'Regierung d'lescht Joer ugekënnegt, ee Regëster wëllen ze schafen, an dee Besëtzer vu Gebaier sech solle kënnen androen, fir dem Staat hiren Daach fir d'Produktioun vu Solar-Stroum zur Verfügung ze stellen.