Radioen

On air

Notturno  |  Makaya McCraven - Autumn In New York

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Turmes: "D'Sanktioune mussen agehale ginn"

EU-Sanktioune géint Russland

Claude Turmes: "D'Sanktioune mussen agehale ginn"

Et wier inacceptabel, wann eenzel europäesch Staaten hier russesch Gasrechnungen elo awer a Rubel géifen iwwerweisen, seet de Claude Turmes am 100,7 Interview.

auto_stories

2 min

De Claude Turmes ass Energieminister. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


De Liwwerstopp a Richtung Pole wier keen Drama, well Polen souwisou Wëlles gehat hätt seng Gasimporter nom Summer komplett ze stoppen, sou de Claude Turmes am 100,7-Interview.

D'Gasreserve wiere voll, Polen hätt en Terminal fir Flësseggas an nom Summer gëtt Gas iwwer eng nei Pipeline aus Norwege geliwwert. Am Fokus steet awer een anert Land, seet de Claude Turmes: Däitschland.

"Ech hat de Moien nach Gespréicher mat der däitscher Säit, an do huet et geheescht, datt een net dovunner ausgeet, datt Russland säi gréisste Client net méi beliwwert, well dat géif de Wladimir Putin einfach ze deier ginn."

Gasliwwerungen a Rubel bezuelen ass "inacceptabel"

Op politeschem Niveau ginn d'Strëppe gezunn, d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen weist sech onbeandrockt an setzt op d'Solidaritéit tëscht den EU-Staaten.

Ob déi Solidaritéit wierklech esou stabil ass muss sech weisen. Informatiounen, datt verschidde Länner hir Gasrechnunge bei der Gazprombank a Rubel bezuelt hätten, misst een nogoen, seet de Claude Turmes.

"Dat ass inacceptabel an da kënnt dat och e Méindeg op den Dësch."

Spezialconseil: Detailer zu de Sanktioune klären

E Méinden um Spezialconseil vun den Energieminister sollen dann och weider sanktionéier decidéiert ginn, respektiv soll gekläert ginn, wat aktuell ënner d'Sanktioune fält. Dat wier nämlech eng Detailfro, déi bis elo net präzis gekläert wier, sou nach de Claude Turmes.

Virleefeg géif et drëms goen, waarm iwwer de nächste Wanter ze kommen an d'Reserven ze fëllen. A Koordinatioun mat de Nopeschlänner kommen dofir Liwwerungen aus der Nordsee an aus Algerien a Fro. Zousätzlech Quantitéite sollen als Flësseggas aus den USA geliwwert ginn.