Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Thill: "Mir kréie just eemol d'Chance"

Nordstad

Claude Thill: "Mir kréie just eemol d'Chance"

Den Dikrecher Gemengerot steet unanime hannert dem Projet Nordstad, seet den neie Buergermeeschter Claude Thill. Hien ass optimistesch, datt eppes aus der Fusioun vun de Gemengen Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng, Bettenduerf a Schieren gëtt - "wann et geléngt d'Bierger vun de Virdeeler ze iwwerzeegen", sou de Nofollger vum Claude Haagen am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

De Claude Thill ass den neie Buergermeeschter vun Dikrech

D'Regierung hat jo Ufanks Dezember decidéiert, eng eventuell Fusioun vun den Nordstadgemenge mat 60 Milliounen Euro ze ënnerstëtzen - duebel esouvill wéi bis dohi virgesinn.

De Claude Thill erkläert, datt déi fënnef Buergermeeschter vun den Nordstadgemengen ofgemaacht hunn, se an hire Gemengeréit bis Enn Januar verschidden Theemen uschwätzen, ënner anerem, ob dee Montant an der Rei wier, a wéi eng Zäitschinn ee sech fir d'Delaie vun der Fusioun gëtt.

"Mir kréie just eemol d'Chance", ënnersträicht de Claude Thill. Dofir missten d'Referendumen an de fënnef Gemenge gutt virbereet ginn.

Wann d'Leit iwwerall hir Zoustëmmung ginn, da kéint d'Fusioun - mat engem Iwwergangsregime - tëschent de Gemengewale vun 2023 an deene vun 2029 Realitéit ginn.

Erhéijung vun der Grondsteier: D'Bauplazen am Zentrum notzen

Och ënner deem neie Buergermeeschter steet den Dikrecher Schäfferot zu senger Decisioun vun 2020, fir d'Grondsteier op Bauplazen, déi brooch leien, ze ver-20-fachen.

Déi éischt Rechnunge mam neien Taux wieren Enn vum leschte Joer erausgaangen, esou de Claude Thill am 100,7-Interview. Konkret geet et ëm 42 Parzellen, vun deene méi wéi d'Hallschent direkt bebaut kéint ginn.

Géint d'Erhéijung vun der Grondsteier gëtt et e Recours vu concernéierte Proprietäre virum Verwaltungsgeriicht. Eng Decisioun gëtt virun Enn vum Joer erwaart. De Claude Thill weist sech awer net nervös en Vue vun dëser Decisioun,

De Claude Thill ënnersträicht, datt dës Erhéijung awer net gemaach gi wier, fir d'Gemengekeess ze sanéieren. "Dofir mécht een esou Saachen net", mee et wier drëms gaange fir en Zeechen ze setzen an ze soen, datt ee gären hätt, datt déi Baulücken zougemaach ginn.

"D'Infrastruktur läit, déi meescht Stroosse si schonn zwee Mol frësch gemaach ginn, wou d'Allgemengheet dat bezuelt huet. A mir sinn der Meenung, ier een nach méi Gréngflächen zou baut, soll een déi Bauplazen, déi een am Zentrum huet, emol notzen."

De Claude Thill ass am Januar 2022 als neie Buergermeeschter vun Dikrech vereedegt ginn: hien huet d'Nofolleg vu sengem LSAP-Parteikolleeg Claude Haagen iwwerholl, deen an der éischter Woch am Januar als neie Landwirtschafts- a Sozialminister an d'Regierung gewiesselt ass. De Claude Thill ass ewell zanter méi wéi 20 Joer an der Dikrecher Lokalpolitik aktiv, déi lescht zéng Joer war hie Schäffen.