Impfflicht Claude P. Muller: "Eng Impfflicht ass hëllefräich fir Restriktiounen opzehiewen"

De Prof. Dr. Claude P. Muller weist sech zefridden, datt d'Chamber an d'Regierung sech entscheet hunn eng partiell Impfflicht anzeféieren. D'Politik hätt verstanen, datt déi aktuell Mesuren net aus der Pandemie géifen erausféieren.

Serge Kesseler / cbi

Claude P. Muller
De Prof. Dr. Claude P. Muller weist sech zefridden iwwer d'Pläng, eng partiell Impfflicht anzeféieren. Foto: Archiv

Déi aktuell Mesurë wiere just punktuell, mengt de Prof. Dr. Claude P. Muller. "Nëmmen déi individuell oder kollektiv Immunitéit kann dorunner eppes änneren".

Dofir misst ee "vill méi séier" eng besser Balance tëschent de Restriktiounen an de Fräiheete fannen. "An do wier eng Impfflicht [...] eben hëllefräich", esou de Prof. Dr. Claude P. Muller.

Impfflicht géif Ophiewe vu Restriktiounen erméiglechen

Eng Majoritéit huet sech gëschter an der Chamber fir esou eng Impfflicht ausgeschwat, wéi se d'lescht Woch am Experten-Avis proposéiert gi war: also eng Impfflicht fir all Leit vun iwwer 50 Joer, souwéi fir Leit aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur, an Acteuren aus de Rettungsservicer.

Déi geplangt partiell Impfflicht wäert awer net séier agefouert ginn. De Gesetzesprojet dierft eréischt an zwee bis dräi Méint virleien, wéi d'Justizministesch Sam Tanson am 100,7-Interview erkläert huet.

De Prof. Dr. Claude P. Muller mengt, datt eng Impfflicht trotzdeem hëllefräich wier: se géif eréischt dann ze spéit kommen, wann d'Omikron-Variant d'Populatioun schonn duerchseucht hätt, esou datt et eng Bevëlkerungsimmunitéit géif ginn.

Dës Immunitéit géif et engem erlabe Restriktiounen opzegi fir al Gewunnechten zeréck ze kréien. "Mee soulaang Omikron net einfach ouni Restriktiounen duerchlafe kann, geet dat net esou séier."

Wéini ass den Héichpunkt vun der Omikron-Well?

D'Omikron-Variant géif zu Lëtzebuerg nëmme lues viru goen, esou den Androck vum Prof. Dr. Claude P. Muller. Dat kéint mat der Disziplin vun der Bevëlkerung a mat gudden Immunverhältnisser ze dinn hunn.

Bis den Héichpunkt vun der Omikron-Well erreecht ass, kéint et deemno nach méi laang dauere wéi an anere Länner, esou den Expert.

Den däitsche Gesondheetsminister rechent bis Mëtt Februar mat e puer Honnertdausend Neiinfektioune pro Dag an Däitschland: et wier dovun auszegoen, datt d'Well Mëtt vum nächste Mount ongeféier hiren Héichpunkt wäert hunn, esou den SPD-Politiker Karl Lauterbach an der ZDF-Sendung "Markus Lanz".

Fraktiounszwang soll opgehuewe ginn

D'Consultatiounsdebatt vu gëschter an der Chamber wier eng "ganz gutt Debatt" gewiescht, bei där bal all d'Argumenter dofir wéi och dogéint op den Dësch komm sinn, fënnt de Prof. Dr. Claude P. Muller. Hie géif sech wënschen, datt ouni Fraktiounszwang iwwer e Gesetz fir d'Aféierung vun enger Impfflicht géif ofgestëmmt ginn.

Ob déi fënnef Experten - also d'Auteure vum wëssenschaftlechen Avis - d'Aféierung vun der partieller Impfflicht viru wäerte begleeden, dat wier eng Entscheedung vun der Regierung, esou de Prof. Dr. Claude P. Muller.

Méi zum Thema

Covid-19 Impfung
Covid-19-Impfung

Déi national Ethikkommissioun ass géint eng deelweis Impfflicht. Dat geet aus engem Avis ervir, deen dem radio 100,7 virläit. D'Responsabilitéit dierft net eleng op de Schëllere vun engem Grupp leien.

Gilbert Pregno
Gesellschaft

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun fënnt et wier am Moment net dee richtegen Zäitpunkt fir eng Impfflicht anzeféieren. Seng Kommissioun wier awer net grondsätzlech géint eng Impfflicht, esou den CCDH-President.

Nathalie Oberweis
Positioun zur Impfflicht

​Déi Lénk wëllen am Moment nach net mat op de Wee vun enger Impfflicht goen. D'Deputéiert Nathalie Oberweis seet, hir Partei géif déi obligatoresch Impfung awer net prinzipiell fir ëmmer ausschléissen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen