Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Black Keys - Beautiful People (Stay High)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Meisch: Detailer zu Ukënnegungen am Etat de la nation

Etat de la Nation

Claude Meisch: Detailer zu Ukënnegungen am Etat de la nation

Gratis Iessen an de Kantinnen, gratis Maison relaisen an Eltereforen: de Staatsminister Xavier Bettel huet an der Ried zur Lag vun der Natioun nei Mesuren an der Schoul annoncéiert. Den Educatiounsminister huet dem radio 100,7 Detailer dozou ginn.

auto_stories

3 min

De Claude Meisch am Studio vum radio 100,7. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Gratis a flächendeckend Hausaufgabenhëllef am Fondamental war eng vun den Ukënnegungen en Dënschden vum Premier Xavier Bettel an der Ried zur Lag vun der Natioun. Fir den Educatiounsminister Claude Meisch soll dat virun allem iwwer de Wee vun de Maisons relaise geschéien.

Dobäi misst ee kucke mat de Ressourcen, déi een an de Schoulen an an de Maisons relaisen huet, e Mix ze maachen.

"Ech denken, datt een net muss Enseignant si fir eng Hausaufgab kënnen ze suivéieren. Eng Hausaufgab soll esou sinn, datt all Mamm an all Papp et och doheem ka maachen, och wa se net Enseignant sinn, sou datt mer och an de Maison relaise sécherlech qualifizéiert Personal hunn, fir dat och kënnen ze assuréieren."

Gratuitéit vun de Maison relaisen

Iwwer d'Chèque-Servicen huet all Kand momentan 20 Gratisstonnen an de Crèchen zegutt, dat gestaffelt no Akommes. Zukünfteg soll dat dann och fir d'Maisons relais gëllen.

Fir de Claude Meisch ass et wichteg, datt d'Kanner dat kréien, wat se fir d'Léieren a fir eng gutt Entwécklung brauchen, an datt dat och gratis ass. Dofir wier d'Decisioun geholl ginn, datt d'Maison relais wärend de Schoulwoche gratis soll sinn.

D'Offer gëllt dobäi just wärend de Schoulperioden an net wärend de Vakanzen.

Austausch an den Eltereforen

Bleift d'Iddi vun sougenannte regionalen Eltereforen. Déi sollen onofhängeg vun de regional Direktiounen, mee am Kader vun der Aide à l'enfance funktionéieren. Hei kéinten Eltere beienee komme fir sech auszetauschen iwwer Froe vun der Kannererzéiung an d'Entwécklung vun de Kanner.

"Do gëtt et keng absolut Wourechten, mee et ass wichteg, datt ee sech Froe stellt, an datt een och Plazen huet, wou een eng gewëssen Expertis ka kréien."

Dofir hätt d'Regierung entscheet Eltereforen an de 15 Regioune vun der Grondschoul ze schafen. Aner Acteuren an dësen Elterefore kënnen d'Schoulen, d'Maisons relaisen oder aner Associatiounen aus dem Beräich, wéi zum Beispill d'Eltereschoul sinn.

Gratis Iessen an de Kantinnen

All mëttes ee gratis waarmt Iessen an de Schoulkantinne fir d'Schüler, dat war d'Ukënnegung vum Premier Xavier Bettel am État de la nation. Et hätt een an der lescht festgestallt, datt ëmmer méi Schüler mëttes net an de Kantinnen iessen, wat och eng finanziell Fro wier, sou den Educatiounsminister Claude Meisch.

Lauschterenplay_arrow

An dat obwuel mat der Subventionéierung am Secondaire just nach 4,70 Euro pro Moolzecht ze bezuele sinn. Als Gesellschaft sollt een dofir sécherstellen, datt all Kand eng waarm Moolzecht kritt, dat awer gebonnen u verschidde Krittären, seet de Claude Meisch:

"Mir hunn e System iwwer de Chèque-Service am Fondamental an do soe mer einfach: et geet bis véier mol de Mindestloun, wou d'Mëttegiessen da gratis ass an der Maison relais. Am Lycée hu mer och e Modell iwwer de CEPAS, wou Familljen a Schülerinnen a Schüler kënne finanziell ënnerstëtzt ginn, wann d'Eltere méi e klengt Akommes hunn, an déi, déi ënner déi Kategorie falen, fir déi wëlle mer do d'Iesse Mëttes ganz gratis maachen, an dat maachen eng 25 Prozent vun alle Schüler aus, déi dovunner profitéiere kënnen."

Well gratis Iesse fir jiddwereen zu Liewensmëttelverschwendung féiere kann, setzt de Ministère ënner anerem op Sensibiliséierungsprogrammer: et géife Modeller gi wou ee sech kéint kéint am Virfeld umelle fir ee bestëmmte Menü ze bestellen. Esou kéint een evitéieren, datt herno ze vill gekacht gëtt.

Bis zu 846 Euro am Joer kann ee Schüler aspueren, deen all Dag an der Schoulkantin ësst, dem Minister no wier dat e konkreten^ Bäitrag fir d'Entlaaschte vu sozial schwaach gestallte Familljen.