Radioen

On air

Notturno  |  Torpid - Belaxt

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Claude Meisch: Den educative System muss sech permanent upassen

Educatioun

Claude Meisch: Den educative System muss sech permanent upassen

De Claude Meisch féiert et op d'Pandemie zréck, datt d'Chèque-Servicë fir d'Kanner an dëser Legislaturperiod net grondleeënd reforméiert goufen. Den Educatiounsminister sot eis awer, hie géif nach ëmmer e Besoin fir des Reform gesinn. Weider Projeten déi am Koalitiounsprogramm virgesi ware, goufen net ëmgesat.

auto_stories

1 min

E legale Kader fir d'Ganzdagschoul gouf zum Beispill net ëmgesat. An Zukunft misst d'Zesummenaarbecht tëschent dem Personal aus de Schoulen an de Maison-relaisen nach méi gestäerkt ginn, mengt de liberale Minister.

"Datt net nëmmen d'Enseignanten op hirem Deel do sinn an d'Educateuren op dem aneren. Mee datt ee kann eppes zesumme maachen oder Si sech vun der Zäit kennen eppes opdeelen. Mee dat schéngt éischter den nächsten Entwécklungsschrëtt ze sinn."

Vu Kannerbetreiung zur Bildung

De Claude Meisch schreift sengem Ministère e Paradigmewiessel, vun der Kannerbetreiung hinn zur Bildung, zou. De liberale Minister huet d'Qualitéitskontrolle vun de Strukturen ervirgehuewen. Alles an allem géifen 32 Agenten op den Terrain goen a Visitten a Crèchen, Maison-relaisen a Jugendhaiser maachen. Am Joer 2022 gouf et 9000 Visitten.

Den edukative System misst sech permanent adaptéieren an enger Welt déi séier ännert, fënnt de liberale Minister.