Radioen

On air

Notturno  |  Donny McCaslin - No Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Meisch: "Alphabetiséierung op Franséisch soll ausgebaut ginn"

Educatioun

Claude Meisch: "Alphabetiséierung op Franséisch soll ausgebaut ginn"

Vun der Rentrée 2027 u kéinten all d'Schüler, déi an d'éischt Schouljoer kommen, de Choix kréien, ob se op Däitsch oder op Franséisch liesen a schreiwe léieren. Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch an Aussiicht gestallt. Ob dat wierklech wäert geschéie wier awer un der un der nächster Regierung ze decidéieren.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Wavebreak Media Ltd

De Claude Meisch selwer wier dofir a géif dru gleewen, datt een d'Alphabetiséierung op Franséisch an all de Primärschoulen am Land soll ubidden, betount den Educatiounsminister, deen am Oktober nach eng Kéier fir d'DP mat an d'Wale geet.

D'Alphabetiséierung op Franséisch verbreet sech

D'Iddi fir an de Lëtzebuerger Schoulen och op Franséisch ze alphabetiséieren ass net nei. A véier Primärschoulen uechter d'Land leeft zënter engem Joer schonn e Pilotprojet fir dësen neie Wee ze testen. Zu Schëffleng, zu Diddeleng, an der Fiels an zu Uewerkuer.

Am Hierscht wäerten an dëse Schoulen 53 weider Kanner mat enger Alphabetiséierung op Franséisch ufänken, erkläert de Claude Meisch.

Foto: SCRIPT

Vum Pilotprojet zum offizielle Modell

D'Erfarungen, déi an de Pilot-Klasse gemaach ginn, gi vun elo un och vun engem wëssenschaftleche Comité begleet, seet den Educatiounsminister. Et soll nämlech net bei engem isoléierte Projet bleiwen.

"Mee Pilotprojete solle schonn do si fir de ganze System herno och mat weider ze entwéckelen."

An där Hisiicht gouf eng éischte Kéier de konkreten Zäitplang proposéiert dee virgesäit, fir d'Rentrée 2027 an all de Primärschoulen am Land eng Alphabetisatioun op Franséisch unzebidden.