Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Tallest Man On Earth - Looking For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CLAE proposéiert ee Ministère fir d'Citoyennetéit

Chamberwalen 2023

CLAE proposéiert ee Ministère fir d'Citoyennetéit

Associatiounen, déi sech ëm Auslänner hei zu Lëtzebuerg këmmeren, géife vun der Politik net genuch mat agebonne ginn. Där Usiicht ass de CLAE, de Comité de liaison des associations d'étrangers.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Datt dat sech ännere kann, proposéiert de CLAE d'Schafung vun engem Citoyennetéits-Ministère. Doduerch kéint d'Immigratiouns- an Integratiounspolitik nei geduecht ginn.

Zu den Aufgaben vun sou engem Ministère géif zum Beispill d'Koordinatioun vun alle Beräicher zielen, déi mat der Integratioun vun Auslänner ze dinn hätten. Dat misst dann net op verschidde Ministèren opgedeelt ginn, sou den Avis vum CLAE.

CLAE: Associatioune kréien net genuch gehollef

Aktuell géif et och keen Ministère ginn, dee sech ëm d'Associatioune fir Auslänner géif këmmeren, sou d'Anita Helipiquet, Directrice vum CLAE. Wann een als Associatioun Hëllef oder Informatioune bréicht, wier et ëmständlech, dës ze kréien.

Gläichzäiteg huet de CLAE awer och déi aktuell Immigratiounspolitik kritiséiert. Sou missten beispillsweis legal Migratiounsweeër fir an Europa geschafe ginn. Der Anita Helipiquet no gëtt et awer nach eng aner grouss Fuerderung:

"Remplacer le contrat d'accueil et d'intégration par une vraie politique d'accueil qui touche à la fois d'égalité des droits, mais aussi l'égalité d'accès dans des domaines qui permettent aux personnes de prendre place dans la société. On parle bien sûre de scolarisation, du marché du travail, de formation, de logement, et de santé. Mais c'est aussi la culture."

De CLAE representéiert fir den Ament eng ronn 200 Associatiounen. Zu den Haaptaufgaben zielt den Accueil vu Leit, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg komme fir hei ze wunnen.

Dat géif vu baussen awer dacks falsch verstane ginn, mengt d'Presidentin vum CLAE, d'Pascale Zaourou:

"C'est clairement un rôle de passerelle, un rôle de lien. Contrairement à ce qu'on peut s'imaginer plutôt une manière de repli. On ne s'adresse pas forcément à ces organisations-là pour le repli. Mais bien au contraire: c'est pour Pouvoir s'adapter mieux au pays d'accueil."

Proposen un d'Parteien: Nach keng Äntwerten

En Vue vun den Chamberswalen nächst Joer huet de CLAE seng Proposen d'lescht Woch un eng Rei Parteien hei am Land geschéckt. Op Retoure géif een den Ament awer nach waarden.

An eisen Nopeschlänner gëtt et sou ee Ministère och net. A Frankräich hat den Inneministère nach bis virun engem hallwe Joer een Ministre délegué chargé de la citoyenneté gestallt. Ënner der Regierung vum Elisabeth Borne gouf dësen allerdéngs nees ofgeschaaft.