Radioen

On air

Notturno  |  Julie Byrne - Summer Glass

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christophe Bumb bedauert Fake News Virworf vu Piratepartei

No Facebook-Post

Christophe Bumb bedauert Fake News Virworf vu Piratepartei

"Eis Recherche baséiert op Temoignagen, an net op geleakten E-mailen oder soss Dokumenter." Dat seet de Christoph Bumb vu reporter.lu als Reaktioun op Virwërf, déi de Marc Goergen, Generalsekretär an Deputéierte vun de Piraten, dem Online-Magazin an eisem Mëttes-Panorama gemaach hat.

auto_stories

2 min

Et geet ëm en Artikel, dee reporter.lu de leschte Freideg publizéiert hat, a wou e Mataarbechter vun der Partei déi schlecht intern Stëmmung beklot an dofir besonnesch och de Marc Goergen responsabel gemaach hat. Dee Mataarbechter soll eng ganz Rei Date bei de Pirate geklaut hunn, sou de Marc Goergen. Ob een déi u Reporter viruginn hätt, wéisst hien net.

De Marc Goergen vun der Pirateparteiplay_arrow

"Mir wëssen net wat reporter.lu am Moment virläit un Daten, a wéi si den Artikel gepréift hunn. Mee villes an deem Artikel ass einfach erfonnt. De Mataarbechter wousst, datt mir e géifen entloossen, well d'Aarbecht onzefriddestellend war. An dat doten ass dunn natierlech eng Reaktioun gewiescht."

Dëse Bäitrag huet de Bezierk Süden vun der Piratepartei op Facebook verbreet.

De Bezierk Süde vun de Piraten hat an deem Kontext op senger Facebook-Säit souguer vu "Fake News" geschwat. An et ass dee Begrëff, deen de Christoph Bumb vu reporter.lu am meeschten interpelléiert huet, och wann en an der Tëschenzäit geläscht ginn ass.

D'Reaktioun vum Christophe Bumbplay_arrow

"Wat mech bei där ganzer Saach awer iwwerrascht - an dat ass awer eng nei Qualitéit vun enger Reaktioun vun enger Partei, déi awer an der Chamber vertrueden ass - ass, datt mat Bezeechnunge wéi "Fake News" elo hantéiert gëtt. Mir haten am Fong geduecht, datt mir zu Lëtzebuerg net esou wäit sinn, datt gewëss Methoden och hei verwennt ginn. Dat ass schonn eng nei Qualitéit an an enger gewësser Weis e Präzedenzfall. Well haut ass et d'Piratepartei, déi dat Reporter virgehäit. Dat kann awer muer genee esou eng aner Partei sinn, déi engem anere Medium dat virgehäit. Just well se mat enger Story, déi do publizéiert gouf net zefridden ass oder sech negativ duergestallt fillt."


De Bäitrag vum Maurice Molitor:

Lauschterenplay_arrow