D'Radioszäit ass wuel net ganz eriwwer fir d'Christiane Kremer, mee de Radio wäert awer vill manner Zäit an hirem Alldag an huelen. D'Pensioun ass am Fong nach eng ganz frësch Erfarung wou ee sécher nach op der Sich ass.
"Schwéier gedoe mech erëm ze fannen"
D'Christiane Kremer huet et um Ufank net ganz einfach fonnt, och mat sech selwer eens ze ginn. Mä de Stress deen et awer ëmmer war oder déi sëllege Maile vermësst se awer net.
"Wat ech awer vermëssen, dat ginn ech zou ass de Kontakt mat de Leit. Also ech sinn awer ëmmer dohinner komm, waren ëmmer Leit do, et huet een ëmmer mat iergendengem gebraddelt.(...) Dat war um Ufank e bësse komesch. Mee och dorunner winnt ee sech. An d'Kontakter déi wichteg sinn, bleiwe souwisou."
"Ech hunn de Choix selwer geholl"
Et war dem Christiane Kremer wichteg selwer ze decidéieren, wéini et duer geet, wéini si ophält. An datt se net muss d'Gefill hunn, datt d'Leit ronderëm frou sinn, wann een endlech esouwäit ass fir ze goen oder, datt een et muss vun anere gesot kréien.
"Ech wollt de Choix selwer huelen a krut dunn esouguer gesot, wann s de awer nach wëlls bleiwen, mir wieren awer frou. Dat ass eigentlech e gutt Gefill. A mat deem Gefill wollt ech goen an dat ass geschitt. Also ech maache jo nach e puer kleng Saachen."
"Langweil geet mat mer net"
D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten, ass e Saz deen Christiane Kremer emol an engem Krimi- Theaterstéck vun hir, geschriwwen huet. Mä Langweil huet bei hir keng Plaz, da gëtt d'Christiane Kremer nervös, iergendwéi muss si ëmmer eppes maachen.
"Mee Zäit hu fir eppes kënnen ze maachen, dat ass mengem ech och e Luxus an dee wëll ech elo emol hunn."
"Sech Zäit huele muss een och léieren"
An da muss een och mat der Zäit eppes kënnen ufänken, wat wichteg ass. A genee dat muss d'Christiane Kremer elo och nach léieren, well se huet elo jo méi Zäit.
"Ech hat elo schonn erëm ugefaangen, mer selwer bal Stress mat verschiddene Saachen, wou ech duecht: Nee, nee, elo wierklech awer net. Lo decidéiers du emol, du méchs dat an dat, schéin der Rei no, net datt et elo schonn nees ass: Oh Mamm, wat muss ech elo haut maachen.(...) Dee Luxus, Zäit hunn, dee wëll ech scho gäre genéissen."