Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christian Oberlé: Punktuell Kontrolle bei Krankeschäiner si méiglech

Gesondheetskeess

Christian Oberlé: Punktuell Kontrolle bei Krankeschäiner si méiglech

Et wier nach ze fréi fir eng Ausso ze maachen, ob vill net-geimpft Leit sech wéinst der Aféierung vum 3G op der Aarbecht krank schreiwe gelooss hunn. De President vun der CNS Christian Oberlé huet am 100,7-Interview ënnerstrach, datt intern alles prett wier, fir déi Krankeschäiner, déi erakommen, esou séier wéi méiglech kënnen ze erfaassen.

auto_stories

2 min

De Christian Oberlé ass President vun der Gesondheetskeess

Systematesch Kontrollen huet de Christian Oberlé op en Neits ausgeschloss: et wéilt ee weder d'Leit, déi sech elo krank mellen, nach d'Dokteren, déi krank schreiwen, ënner Generalverdacht stellen.

Punktuell géif natierlech awer kontrolléiert ginn, wann Onreegelméissegkeete gemellt ginn oder opfalen. Et kéint ee statistesch aus den Donnéeën erausliesen, wéi verschidde Comportementer sinn, seet de Christian Oberlé:

"Een, deen all zweeten oder drëtten Dag mat engem Krankeschäi kënnt fir eng kuerz Dauer, an all Kéier de Krankeschäin vun engem aneren Dokter, dat ass typesch fir eppes wou mir soen: dat gesäit net normal aus. An do kann et effektiv sinn, datt mer eppes ënnerhuelen."

Remboursement vu Psychotherapien

A Saache Remboursement vun de Psychotherapië wier d'Gesondheetskeess sech an de grousse Linne mam Beruffsverband Fapsylux eens, seet de Christian Oberlé - et bléife just nach Detailer ze klären, an och d'Fro vun den Tariffer stéing nach op.

De President vun der CNS rechent awer domat, datt no jorelaangen Diskussiounen nach am Laf vun 2022 Neel mat Käpp gemaach ginn: "Idealerweis virun der Summervakanz", esou de Christian Oberlé.

Eenzege méigleche Knackpunkt kéint d'Mise en oeuvre sinn, "mee de ganze Rescht géif ech soen, Summer wier envisagabel, Enn vum Joer muss et spéitstens stoen", mengt de Christian Oberlé.

Beim Remboursement vun de Psychotherapië wéilt ee "vu vir eran dat maachen, wat mer och scho bei anere Beruffer ugedeit hunn: mat engem Paiement immédiat direct ze schaffen", esou de Christian Oberlé.