Déi aktuell Indicë géifen hien net berouegen, well ee géif gesinn, datt d'Infektiounszuelen national liicht erop ginn a parallel wier d'Impfquot zu Lëtzebuerg nach net do, wou ee se gären hätt.
Den Ament si fënnef Covid-Patienten op der Intensivstatioun am CHL. Déi Patiente sinn alleguer net geimpft, esou nach de Romain Nati. Zënter Juli wiere ronn 10 Prozent vun de Covid-Patienten op der Intensivstatioun am CHL geimpft gewiescht. Dëst waren dem CHL-Generaldirekter no ënnert anerem eeler Leit, wou d'Impfung eventuell net gutt ugeschloen hätt, oder Leit mat aneren Erkrankungen.
"Also dat si schonn héich vulnerabel Patienten. Ausserdeem wësse mir jo, datt bei den eelere Leit d'Covid-Impfung, genau sou wéi all aner Impfung, d'Grippe-Impfung notamment och, heiansdo manner gutt usprécht. Dat ass jo och d'Ursaach firwat déi drëtt Impfung elo Mol bei deenen eelere Leit recommandéiert gëtt."