Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CHFEP fuerdert eng Steierreform

Avis zu Staatsbudget

CHFEP fuerdert eng Steierreform

Eng grouss Steierreform wier d'Mëttel fir géint déi sozial Ongerechtegkeet am Land virzegoen. Där Meenung ass d'Chambre des fonctionnaires et employés publics kuerz CHFEP an hirem Avis zum Staatsbudget 2023.

auto_stories

2 min

Den aktuelle Steiersystem géif d'Ongläichheete bei de Revenue verdéiwen andeems en se aktiv ënnerstëtze géif, esou d'Kritik vun der CHFEP.

Kritik un der rapportéierter Steierreform

Eng grouss Steierreform wier ugekënnegt ginn, an elo géif een - ouni weider Detailer - vun der Finanzministerin Yuriko Backes gesot kréien, datt se net annuléiert, mee reportéiert wier, esou d'Kritik vum CHFEP-President Romain Wolff.

D'CHFEP fuerdert an dem Kontext ënner anerem, datt de Steierbarème un d'Inflatioun misst ugepasst ginn an datt d'Steierklass 1A misst ofgeschaaft an d'Leit, déi an dëser wieren, an d'Steierklass 2 sollte kommen:

"Mir verstinn net, datt mir haut erzielt kréien, et géif kee Geld fonnt ginn, wa mir kucke wat fir aner Investissementer an anere Beräicher awer kënne gemaach ginn. An dofir hale mir ganz staark drop, datt dee fiskalesche System, wéi mir en am Moment hunn, ee Steiersystem, dee largement iwwerlieft ass, dee kenger Realitéit méi entsprécht, deen och injuste ass, datt deen iwwerschafft gëtt an datt deen esou séier iwwerschafft gëtt wéi nëmme méiglech."

De CHFEP kéint sech zum Beispill eng Steierreform an Etappe virstellen, esou de Romain Wolff.

Logementskris: Situatioun ass "desastréis"

D'Chambre des fonctionnaires et employés publics begréisst an hirem Avis iwwer de Staatsbudget, datt d'ëffentlech Investissementer mat ronn 3,8 Milliarden Euro weider héich géife gehale ginn, kritiséiert awer, datt d'Logementskris net géif ugaange ginn.

Dës géif net nëmmen Leit a méi nidderege Gehaltskategorie betreffen, mee an der Tëschenzäit och de Mëttelstand an d'Situatioun wier "desastréis" esou de President vun der CHFEP Romain Wolff.