Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  MGMT - Little Dark Age

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chef vun der Lëtzebuerger Arméi: Russeschen Asaz vun Atombommen ass onwarscheinlech

Militäresch Aschätzung

Chef vun der Lëtzebuerger Arméi: Russeschen Asaz vun Atombommen ass onwarscheinlech

"Dreist", also zimmlech culottéiert, fënnt de Chef vun der Lëtzebuerger Arméi d'Attack vun de Russen op en Atomkraaftwierk. Et wéisst ee jo wat domat verbonnen ass: "Mee dat weist zu wat se bereet sinn", sou de Generol Steve Thull. Hie mengt awer net, datt de Wladimir Putin esou wäit géif goen, fir Atomwaffen anzesetzen.

auto_stories

1 min

Hie wéilt d'Lëtzebuerger Populatioun op dee Punkt berouegen, sou de Steve Thull.

"Ech denken net, datt do eng direkt imminent Gefor ass. Et soll een ni eppes ausschléissen, dofir muss ee plangen. Mee ech gleewen elo net direkt, datt dat seng Intentioun ass."

Och un en Ugrëff op e Land an der Peripherie vu Russland, dat Member vun der NATO ass, hält de Generol Steve Thull fir onwarscheinlech. Well dat eng Äntwert en bloc vun der ganzer Allianz géif no sech zéien.