Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Spirit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfcampagne: CHdN deposéiert Plainte géint Onbekannt

Irregularitéiten

Impfcampagne: CHdN deposéiert Plainte géint Onbekannt

De Centre Hospitalier du Nord huet eng Plainte géint Onbekannt beim Parquet wéinst Irregularitéite bei der Impfcampagne deposéiert. Dëst deelt de Verwaltungsrot vum Spidol um Méinde Mëtten an engem Communiqué mat.

auto_stories

1 min

Mat der Plainte wéilt een eng objektiv an onofhängeg Enquête garantéieren a weider Irregularitéite bei der Impfcampagne an Zukunft verhënneren.

Den Directeur Général, den Dr. Hans-Joachim Schubert gouf vum Verwaltungsrot vum Centre Hospitalier du Nord beoptraagt, weider Mesuren zur Iwwerwaachung vum Impfoflaf ze huelen.

Liest dee ganze Communiqué