Radioen

On air

Moiesstudio  |  EU-Länner: Penurie suergt fir Konkurrenz um Aarbechtsmaart

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gesetzpropositioun zur Gaardenhaischenaffär Dieschbourg

Justiz

Gesetzpropositioun zur Gaardenhaischenaffär Dieschbourg

D'Chamber huet den Dënschdeg eestëmmeg eng Gesetzespropositioun guttgeheescht, duerch déi de Parquet d'Méiglechkeet kritt am Kader vun der Gaardenaffär, z'enquêtéieren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Chamber huet den Dënschdeg eestëmmeg eng Gesetzespropositioun guttgeheescht, duerch déi de Parquet d'Méiglechkeet kritt am Kader vun der Gaardenaffär, z'enquêtéieren. Déi Affär concernéiert déi fréier Ëmweltministerin Carole Dieschbourg, déi bis elo net konnt vum Parquet gehéiert ginn. Mat deem neie Gesetz, kann den droit commun och fir ee Regierungsmember applizéiert ginn an d'Prozedur ass och konform zur Mënscherechtskonventioun, wat d'Rechter vun der Defense ugeet.

D'Gesetzespropositioun wäert eng kuerz Liewensdauer hunn. Mat den neie Verfassungsännerungen, déi a fënnef Méint a Kraaft trieden, ginn déi Prinzippien nämlech an d'Constitutioun ageschriwwen.

Carole Dieschbourg kéint elo vum Parquet gehéiert ginn

Bis elo hätt d'Chamber sech praktesch missten no enger éischter Enquête préliminaire vum Parquet mam Dossier befaassen an eventuell eng Spezial Enquêtëkommissioun asetze. Dat wier awer net konform zur Mënscherechtskonventioun gewiescht, wat d'Rechter vun der Defense ugeet. Duerch dat neit Gesetz kritt déi fréier Ëmweltministerin Carole Dieschbourg och d'Méiglechkeet vum Parquet gehéiert ginn, eréischt zum Schluss vun der Enquête intervenéiert d'Chamber, seet den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo.

"Si decidéiert zum Schluss iwwer d'Mise en accusation vum betraffene Minister ouni sech fir de Rescht an d'Aarbecht vum Parquet respektiv vun der Justiz anzemëschen."

D'Propositioun wäert de Wee fir d'Justiz fir eng Pré-Enquete fräimaachen a wann néideg eng Instruktioun maachen, sou den LSAP-Deputéierten.

D'Gesetzpropositioun wäert just eng kuerz Liewensdauer hunn

De Parquet wäert d'Aarbecht kënne virundreiwen an d'Conclusioune virleeën, dono muss d'Chamber iwwert eng potentiell mise en accusation decidéieren. Zum Schluss ass et dann un den allgemenge Juridictiounen de Prozess ze féieren nom Droit Commun. Den CSV-Deputéierte Gilles Roth fuerdert, datt d'Chamber nach bis Juli vun dësem Joer misst decidéieren, ob "Ermëttlungen an dem Dossier vun de Justizautoritéite sollen ënnerholl ginn oder net". Fir de CSV-Co-Fraktiounschef ass kloer, datt an enger net ëffentlecher Plenarsëtzung misst driwwer diskutéiert ginn

D'Gesetzespropositioun wäert eng kuerz Liewensdauer hunn. Mat de neie Verfassungsännerungen, déi a fënnef Méint a Kraaft trieden, ginn déi Prinzippien iwwert d'Enquêten ëm Regierungsmemberen nämlech an d'Constitutioun ageschriwwen.