100komma7.lu
/ Charles Margue
Invité vum Dag
Charles Margue
Invité vum Dag ass haut de Charel Margue, dee Mann, deen eis joerelaang d'Sondagen erkläert huet: hie war gewëssermoossen d'Gesiicht oder d'Stëmm vun TNS-ILReS. Mee domat ass elo Schluss. De Charel Margue huet décidéiert, mat deene Grengen an d'Chamberwalen ze goen, an esou eng Kandidatur ass mat der Aabecht als Meenungsfuerscher net kompatibel. Zënter Enn Abrëll ass hien dofir fräigestallt. Am Gespréich mam Maurice Molitor wäert de Charel Margue elo verroden, wat seng Motivatioun ass, fir d'Säit ze wiesselen.
