Vill Kanner a Jugendlecher géifen ënner psychesche Problemer leiden a missten u sech psycho-therapeutesch betreit ginn. D'Fapsylux, de Beruffsverband vun de Psychotherapeuten, an d'CNS si sech awer nach ëmmer net iwwer eng Prise en charge vun deenen Therapien eens sinn. An dat wier "bal net nozevollzéien" an enger Situatioun an där Kanner een "fräien an direkten Zougang zu deenen Offere brauchen", sou de Charel Schmit.
"An ech denken, dass et d'Krankekeess net wäert ëmgeheit ginn duerch déi Jugendlech, déi elo méi psycho-therapeutesch an och méi ambulant psychiatresch Versuergung bräichten. An et ass och net eppes ass, wat Beruffs-korporatisteschen Iwwerleeunge soll geaffert ginn. Do muss gehandelt ginn. Et ass ganz grave a wierklech noutwenneg, dass do e kloere Message kënnt."
Regierung hätt sech an hirer Krisekommunikatioun méi missten u Jonker riichten
D'Pandemie hätt en enormen Impakt op den Alldag an op d'Rechter, d'Wuelbefannen an d'Liewensfreed vu Kanner a Jugendlecher gehat, sou den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit. Hie betount, datt Leit déi sech net impfe loossen, den Drock op Kanner a Jugendlecher nach géife vergréisseren.
"Deen Drock, deen elo op de Schëllere vun deene Jonke laascht, ass am Fong verursaacht duerch all déi, déi sech am Erwuessenen-Alter net impfe gelooss hunn, an net dozou bäidroen, da generell de Risiko fir sech ze infizéieren, erofgeet. Dat ass e Gedankegang, dee wichteg ass. Kanner a Jugendlecher hunn déi lescht Méint immens vill Solidaritéit gewise mat den eelere Generatiounen. Si souze mat oppene Fënsteren mat Decken an de Jacquetten wärend de Wanterméint an de Klassesäll, fir datt de Virus sech net an der Gesellschaft verbreet. Et ass elo un der Gesellschaft fir dat ze honoréieren an déi Solidaritéit och zréckzeginn."
D'Autoritéiten hätte sech, dem Charel Schmit no, an hirer Krise-Kommunikatioun méi geziilt missen un déi Jonk riichten. Zum Beispill an Zesummenhang mam Kannerrecht op Participatioun. "D'Auere sinn zréckgedréint ginn a Saache Kannerrechter an deene leschten 20 Méint. An do si mer alleguer gefuerdert, fir d'Aueren nees nei ze stellen a Saache Participatioun, Inclusioun an Integratioun vun de Kanner", sou de Charel Schmit.