Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ OKAJU kritiséiert d'Reform vum Jugendschutz a Jugendstrofrecht

Den Avis vum Ombudsmann Charel Schmit

OKAJU kritiséiert d'Reform vum Jugendschutz a Jugendstrofrecht

Den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher (OKAJU) appelléiert un de Staatsrot, dem Avis iwwer d'Reform vum Jugendschutz a Jugendstrofrecht eng absolut Prioritéit ze ginn. De Charel Schmit hofft an engems, datt de Conseil d'État sech an deem Avis géint een Erofsetze vum Strofmündegkeetsalter ausschwätzt.

auto_stories

2 min

Lauschtert den Avis vum Ombudsmannplay_arrow


An hirem initiale Projet wollt d'Regierung deen Alter op 14 Joer fixéieren, proposéiert elo awer an engem Amendement 13 Joer. Deen Amendement ass als Konzessioun un d'Justiz interpretéiert ginn. De Charel Schmit huet kee Versteesdemech dofir.

Een Opruff un d'Chamber

Eng penal Responsabilitéit scho mat 13 Joer stéing am Géigesaz zu der Philosophie vun der ganzer Reform, sou den OKAJU. Dem Charel Schmit no kéint een dat net novollzéien a rifft dofir d'Chamber op, deen Amendement net unzehuelen.

"Et kann een net an deem enge Moment an der Verfassung d'Kannerrechter verankeren a sech op international Recommandatioune bei de Kannerrechter beruffen, an anerersäits bei esou engem wichtegen an zentrale Punkt vun der Reform da Konzessioune maachen an den Alter erofsetzen."

Et wier een net vun dëser Iddi iwwerzeegt, sou de Charel Schmit. Statistesch Evaluatiounen, déi d'Erofsetze vu 14 op 13 Joer géingen novollzéibar maachen, géingen och feelen.

"Mir hunn de Walalter mol nach net erofgesat, wou déi Jonk sech solle prononcéiere kënne par rapport zu hirer Zukunft, a wou se ausgeschloss ginn, well mir hinnen et net zoutrauen. An da wëlle mir gläichzäiteg Kanner vun 13 Joer an de Prisong setzen."

Am Widdersproch zum Rescht vun der Reform

Am Moment géif an den Texter keng Nuance gemaach ginn. A Kanner vun 13 Joer an de Prisong ze setze wier an dem Alter kontraproduktiv, sou den Ombudsmann.

De Charel Schmit bedauert dee Revirement ëmsou méi, well en am komplette Widdersproch zum Geescht vun der Reform géif stoen.

Eng Reform, déi nämlech (mat Ausnam vun deem Punkt an e puer aneren Detailer) op grouss Zoustëmmung beim OKAJU stéisst. Den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher nennt d'Reform dofir och ee Paradigmewiessel.

De Charel Schmit huet iwwerdeems seng Avisen zu den dräi Gesetzprojeten, ëm déi et geet, scho virgestallt.