Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Leit hunn Äddi gesot

Grand-Duc Jean

Vill Leit hunn Äddi gesot

Fir deem verstuerwene Grand-Duc Jean déi lescht Éier ze erweisen, sinn zanter e Méindeg Dausende Leit an d'Chapelle Ardente vum groussherzogleche Palais komm. Do kënnen d'Leit nach bis véier Auer de Mëtteg de Sarg mam Grand-Duc Jean senger opgeboerter Läich besiche goen a sech an ee Kondolenzbuch androen.

auto_stories

3 min

Ganz vill Leit koumen déi lescht Deeg heihinner fir an d'Chapelle Ardente ze goen, wou dem Grand Duc Jean seng Läich opgeboert ass. Wéi vill et der am Ganze wäerte sinn ass nach net gewosst. Op d'mannst 1.500 Leit pro Dag wiere komm, sou Mataarbechter vum Palais. Si zielen d'Leit.

Während dem Waarde kann een nokucken, wéi Zaldote vun der groussherzoglecher Gard, elo a verstäerkter Zuel, virum Palais op- an ofmarschéieren.

"Eng Ära geet op en Enn"

D'Waarden an der laanger Queue dauert gutt eng Stonn. Dat ass d'Geleeënheet, d'Leit ze froe fir wat si heihinner koumen. Als éischt schwätzen der vill déi historesch, staatsmännesch Roll vum Grand-Duc Jean un. Et héiert een Aussoe wéi: "Hien ass de Papp vum Land, ech mengen, dat ass schonn eppes Extraes. A mir waren ëmmer ganz begeeschtert vun der Famill."

Oder: "Et war eng historesch Gestalt". Eng aner Persoun erënnert sech, datt si als Kand op Nationalfeierdag "kucke gaange wier", mam Fändelchen am Grapp: "Also, 't huet eppes mat eisem Land ze dinn. Ech weess net fir wat, mee ech kommen eben heihinner." Eng Fra mengt, elo wier eng Ära eriwwer, an doriwwer wieren d'Leit "all wierklech traureg".

En emotionale Moment

D'Trauer an aner Emotiounen hu verschidde Leit net verstoppt: "Wir kommen seit über 40 Jahren nach Luxemburg. Einmal im Monat, und... (kräischt) das hat mich einfach bewegt. Ich wollte es sehen." Ee Mann seet, hie wier heihinner komm, "well ech mat him opgewuess sinn, an dofir wollt ech him Äddi soe kommen. De Grand-Duc Jean huet mech praktesch mäi ganzt Liewe begleet."

Fir vill Leit huet de Grand-Duc Jean, a säin Doud, eng ganz perséinlech Bedeitung: "Ech hu fréier hei gewunnt an der Strooss, ech sinn hei gebuer, do ënnen, hei um Krautmaart, do wou fréier de Conservatoire war. Ech hunn do gewunnt, bis ech 27 Joer war. Ech verléieren elo net nëmmen en aussergewéinleche Grand-Duc an en 'Héros de guerre', mee och iergendwéi en Noper. Ech war all kéiers do, wann eppes war, eng Feierlechkeet, an hien huet ëmmer léif gewénkt."

"E feine Mann"

Hie war e feine Mann - dat soen der vill iwwer de Grand-Duc Jean. Eng Fra fënnt: "Well hien net donieft geroden ass. Hien ass esou gewiescht, wéi mir alleguerten. An dat ass et. An deen nächsten, deen ass net méi esou."

A firwat ass deen haitege Grand-Duc, den Henri, dann an hiren Aen "net méi sou"? "Deen huet déi Ausstralung guer net, wéi deen aneren. An et ass deem seng Ausstralung, mengen ech, déi d'Leit zesumme gehalen huet. An dofir sinn esou vill Leit hei."

An der Chapelle

Éier een an de Palais kann eragoen, kontrolléiert e Polizist nach d'Poschen. An der Chapelle Ardente ass et ganz roueg. Een nom anere geet bis bei de Sarg mat oppenem Deckel, an deem dem Grand-Duc Jean seng opgeboerte Läich läit. D'Leit sti roueg do, Verschiddener bieden.

Mat engem Aspergil, e klenge Wäiwaaserbehälter, kann een de Verstuerwene seenen. Et ass e perséinlech Moment, ongewinnt, och well een net dacks eng Läich gesäit, net dacks sou en direkte Kontakt huet mam Doud.

An dat geet et nees eraus, aus der Chapelle Ardente. An den Haff vum groussherzogleche Palais. Do kann een an e Kondolenzbuch eppes schreiwen. Am Haff vum Palais steet e schéinen ale Käschtebam. An d'Villercher päifen.