Neien Erkenntnisser no sinn d'Aarbechten nom 8. Juli virugaangen: Ronderëm dat net autoriséiert Gaardenhaus ass Buedem ausgehuewe ginn, wat strikt verbueden ass, well d'Gaardenhaus an engem Naturschutzreservat läit. Dat beleeë Fotoen, eng Zeienausso an den Autorisatiounsdossier.
De Roberto Traversini an déi gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg hu bis elo behaapt, de Fierschter hätt de Roberto Traversini gefrot, de Chantier rouen ze loossen, an hien hätt dat och gemaach. Géint de fréiere grénge Politiker leeft eng Enquête vun der Justiz: Hien huet Gemengeservicer fir sech schaffe gelooss a géint d'Naturschutzoplage verstouss. Hie kritt och en Interessekonflikt reprochéiert beim Ausschaffe vum neien allgemenge Bebauungsplang vun Déifferdeng.
Op politeschem Plang kritt d'Ëmweltministesch vun der CSV virgeheit, de Roberto Traversini mat enger nodréiglecher partieller Baugeneemegung favoriséiert ze hunn.