Radioen

On air

De Moien  |  Isobel Campbell - 4316

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chambre de Commerce: E falsche Message

Ännerunge beim Amortissement accéléré

Chambre de Commerce: E falsche Message

D'Instrument vum Amortissement accéléré, der Méiglechkeet fir en Immobilien-Investissement steierlech ofzesetzen, soll reforméiert ginn. Dat huet de Premier gëschter a senger Ried zur Lag vun der Natioun annoncéiert. Deemno soll en Investisseur vum nächste Joer un net méi vun engem Taux d'amortissement vu sechs, mee vu fënnef Prozent profitéieren. E falsche Message, fënnt d'Chambre de Commerce.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


Dem Carlo Thelen no wier den Amortissement accéléré en Instrument fir méi Wunnengen op de Maart ze kréien. Datt d'Investisseuren elo manner steierlech Virdeeler hunn, wa si a Wunnengen investéieren, déi si verloune wëllen, wier dee falsche Message.

"Dat si Leit, déi investéieren, an déi konnte se da verlounen. A wa manner där Objeten op de Marché kommen, da gëtt och manner verlount.

D'Regierung sollt éischter d'Offer ënnerstëtzen, esou den Direkter vun der Chambre de Commerce. Mee datt d'Investisseuren elo total ofgeschreckt wieren, gleeft de Carlo Thelen och net.

"Si maachen et elo an enger Zäit, wou d'Zënsen déif sinn, an de Marché boomt. Dat heescht, dat verpufft vläicht."

A senger Ried hat de Xavier Bettel erkläert, datt d'Instrument an enger Zäit geschafe gi wier, an där den Zënssaz op Kreditter nach méi héich war. Haut kann en Investisseur allerdéngs d'Zënsen, déi en op sengem Kredit gezilt, integral steierlech ofsetzen.