Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fox - Fade Into The Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamberskommissioun: Police-Dispositif fir d'Demonstratiounen gëtt ugepasst

Manifestatiounen

Chamberskommissioun: Police-Dispositif fir d'Demonstratiounen gëtt ugepasst

Fir dëse Weekend wäerte warscheinlech vill méi Polizisten am Déngscht sinn, esou de Laurent Mosar. Et wäert och erëm Hëllef aus der Belsch kommen, esou de CSV-Deputéierten no der Sitzung gëschter vun der Chamberkommissioun fir Bannesécherheet. Do gouf eng Analys vun der illegaler Manifestatioun de leschte Samschdeg an der Stad presentéiert, an et gouf een Ausbléck op déi nächst Manifestatioune gemaach.

auto_stories

2 min

Polizist bei der Demo am Dezember. Foto: Tessy Troes

Och fir dëse Weekend sinn erëm eng Partie Maniffen géint déi aktuell Corona-Mesuren an der Stad ugekënnegt. Lescht Woch huet eng kleng Grupp sech wärend e puer Stonnen ëmmer erëm vun der Police ofsetze kënnen. Och visibel mat dobäi war de franséische Bloc Lorrain.

Fir d'CSV-Fraktioun wier kloer, datt och d'Organisateure vun den Demonstratioune misste verantwortlech gemaach ginn, esou de Laurent Mosar:

"Dat si jo déi, déi hanner deem Ganze stiechen. An et kann net sinn, datt déi einfach nëmme lafe gelooss ginn. Well soss ass de Risiko grouss, datt hei mir ëmmer méi mussen eis mat Demonstratiouns- a Krawalltourismus ausernee setzen. An dat kann net sinn."

Ee Samschdeg hätt et eng nei "Ausgangssituatioun" ginn, an d'Police misst sech all Kéier erëm nei astellen, esou déi gréng Deputéiert a Kommissiounspresidentin Stéphanie Empain. Et hätt ee confirméiert kritt, datt ënner anerem d'Presenz vum Bloc Lorrain een Impakt op d'Dispositiffe vun de kommende Weekender wäert hunn.

ADR fuerdert gezielte Grenzkontrollen

D'Police hätt festgestallt, datt keng "speziell Rietsextremisten" un de Maniffe bedeelegt waren, esou de Fernand Kartheiser vun der ADR: "Et gëtt keen allgemenge Schema vun deene Leit, déi do Deel huelen. Et ass nach ëmmer e ganz heterogene Grupp, dee bis elo do manifestéiert huet."

Wéinst den Demonstratioune fuerdert d'ADR gezielten a limitéiert Grenzkontrollen. Vun der Regierung verlaangt de Fernand Kartheiser donieft eng Diskussioun ronderëm d'Pandemie an engem - Zitat "Geescht vun Toleranz".

Den Deputéierte vun der Piratepartei Marc Goergen zweiwelt dorun, datt beim Minister Henri Kox dat richtegt Bewosstsinn fir déi aktuell Situatioun do wier. Hie seet, datt déi gréng Vertrieder an der Kommissioun, d'Situatioun "verharmlose" géifen.