Radioen

On air

Tockcity  |  Fat Dog - Peace Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chambersëtzungsmarathon

Dës an déi nächst Woch

Chambersëtzungsmarathon

Dräi nei Typpe vun extra-ordinäre Congéen aus familiäre Grënn ginn de Mëtteg an de Code du Travail ageschriwwen. D'Diskussioun an de Vott vun de respektive Gesetzprojete steet am Mëttelpunkt vun der éischter ëffentlecher Chamberssëtzung dës Woch. Déi éischt vu véier. Dat sinn der wéineg am Verglach mat deem Marathon, deen d'nächst Woch op d'Deputéiert duerkënnt.

auto_stories

1 min

Do soll vu Méindes moies bis freides owes quasi riicht duerch getagt ginn (mat Pause just e Méindeg am Nomëtteg a freides moies). Dat ass emol de Plang. Wier et net méi einfach, an och am Sënn vun enger besserer parlamentarescher Aarbecht, méi produktiv gewiescht, nach eng Woch drun ze hänken? Wann een déi Fro stellt héiert ee vun all Säit: "Un eis louch et net". Schonn am Februar ass d'Diskussioun ugelaf an der Chamber, deemools stoung den 13. Juli nach als leschte Sëtzungsdag am Sëtzungskalenner. Elo geet et bis den 21., mee duerno geet d'Parlament definitiv an d'Summerpaus. Ob se dann, ugangs September zum Beispill, nach eemol zesummekënnt, ass wuel net auszeschléissen, awer zimmlech onwarscheinlech.

Dat géif da bedeiten, datt net all d'Gesetzprojeten, déi nach an der Pipeline sinn, virum 8. Oktober kënnen evakuéiert ginn. Esou Staue ginn et ëmmer erëm viru Walen. An deem Sënn ass dat näischt Aussergewéinleches. Wat nach alles duerchgeet, läit och an den Hänn vum Staatsrot, en fonction vun den Avisen, déi nach vun him kommen. Enn der Woch misst een do méi kloer gesinn.