#Chamberleak Chamberleak: Enquête nach net ofgeschloss

Ee Joer no de Chamberleaks ass d'Enquête vun der Justiz nach net ganz ofgeschloss. Dat sot eis de Justizspriecher Henri Eippers op Nofro hin. Virun engem Joer hat dëse Radio op Sécherheetsproblemer um Internetsite vun der Chamber opmierksam gemaach.

Jean-Claude Franck / cz

Chamber
Foto: Archiv

D'Chamber hat doropshin d'Justiz ageschalt. Géint zwee Journaliste vun dësem Radio leeft zanterdeem eng Enquête vum Untersuchungsriichter Ernest Nilles. De radio 100,7 krut vun der Chamber informatesch Intrustioun virgeheit.

An der Chamber gëtt et awer eng nei Entwécklung: D'Chamber huet fir déi informatesch Sécherheet eng Partnerschaft mam staatleche CTIE decidéiert. Dat confirméiert am Gespréich mam Jean-Claude Franck de Chamberpresident Fernand Etgen.


Erklärunge vum Chamberpresident Fernand Etgen


De CTIE huet méi Erfahrung wéi d'Chamber, seet de Chamberpresident. De staatlechen Informatikdéngscht wier eng grouss Struktur mat e puer honnert Mataarbechter. D'informatesch Sécherheet wier e Beräich dee séier evoluéiert. "Méi eng kleng Struktur wéi d'Chamber kann do eleng net ëmmer erëm à la pointe du progrès sinn", sou de Chamberpresident.


De kompletten Interview mam Chamberpresident


Den Informatikservice vun der Chamber géif trotz enger Collaboratioun mam CTIE weider ganz gebraucht ginn. E misst souguer weider ausgebaut ginn. D'Chamber hätt an der Suite vun de Chamberleaks déi informatesch Sécherheet vun der Chamber verbessert. "Besonnesch bei der Problematik vun der duebeler Authentifikatioun gouf et nach Handlungsbedarf."

A genee do soll de CTIE hëllefen. Déi schrëftlech Konventioun tëscht den zwou Säite géif sou séier wéi méiglech ausgeschafft ginn. Datt de Staat an d'Legislativ zesumme schaffe wier kee Problem fir d'Trennung vun de Pouvoiren. De Fernand Etgen ass awer zouversiichtlech, datt d'Chamber déi néideg Garantië kritt, datt "keen Abus vun Donnéeën a keng Richtung" kéint geschéien.

Hie geet dovun aus, datt d'Partnerschaft tëscht der Chamber an dem CTIE nach dëst ka Joer finaliséiert ginn.

Méi zum Thema

Chamber
#CHAMBERLEAK

Véier Méint no de Chamberleaks huet d'Chamber decidéiert hir Informatik ganz nei opzebauen. Dat huet d'Chamber de Freideg virun der Press matgedeelt. Domat ginn d'Recommandatioune vu staatlechen a privaten Experten ëmgesat.

ChamberLeak

Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

Programm

Net verpassen

  • Voices vum Max Richter

    Max Richter

    Dem brittesche Komponist seng nei Kompositioun gëtt um internationalen Dag vun de Mënscherechter, den 10. Dezember, am Reseau vun der Union Européenne de Radio-Télévision diffuséiert.

    Dësen Donneschdeg, owes um 8 Auer - och um radio 100,7

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen