Dräi Joer no den éischten Uschëllegungen hätt si sech nach ëmmer näischt virzewerfen, esou d'Carole Dieschbourg an engem Communiqué.
"Ech hu säit 2019, perséinlech an iwwert mäin Affekot, ëmmer nees betount, dass ech dës Enquête ënnerstëtzen, an dem Parquet mat allem, wat ech ka bäidroen, zur Verfügung stinn. Et besteet fir mech dofir absolut keen Zweifel, dass d'Ophiewen vu menger Immunitéit de richtege Wee ass. Nëmmen op dës Manéier kënne meng Erläuterunge mat an d'Enquête afléissen."
De Parquet hat de Moie matgedeelt, datt de Ball wéinst den Dispositiounen an der Lëtzebuerger Constitutioun elo bei der Chamber léich. De Verfassungstext, deen den Ament a Kraaft ass, gesäit vir, datt just d'Chamber e Minister kann ukloen. D'Carole Dieschbourg krut virun dräi Joer ënnert anerem vum CSV-Deputéierte Michel Wolter reprochéiert, géint d'Naturschutzgesetz verstouss an de fréieren Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini bevirdeelegt ze hunn. De Roberto Traversini huet wéinst der Affär demissionéiert a sech komplett aus der aktiver Politik zréckgezunn.