#chamberleak Chamber: Keng Konventioun mat GovCERT

De staatlechen Informatik-Noutdéngscht GovCert huet der Chamber zejoert offréiert fir eng Konventioun ofzeschléisse fir zesummen ze schaffen. D'Generalsekretariat vun der Chamber ass awer net op déi Offer agaangen an huet déi politesch Responsabel vun der Chamber och net iwwert déi Offer informéiert. Dat krute mir vun involvéierte Persoune confirméiert.

Jean-Claude Franck / Maxi Pesch / cbi

Mars di Bartolomeo
De Chamberspresident Mars Di Bartolomeo

Déi Demande wier ni bei him ukomm, sot eis de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo.

GovCert spillt Pompjee wann e staatleche Service eng informatesch Urgence huet an huet d'Moyene fir ze hëllefen. Ouni Konventioun ass keng Kooperatioun méiglech. No der Sécherheetslacune, déi mir d'lescht Woch opgedeckt hunn, hat GovCert deemno keen Accès op den informatesche System vun der Chamber fir dem Parlament ze hëllefen.

Chamberspresident gouf net informéiert

GovCert hat wuel op Twitter gesinn, datt e méiglecherweis vertraulecht Chamberdokument am Ëmlaf wier an huet d'Chamber iwwert de Srel dorops opmierksam gemaach. Fir de System op eng Sécherheetslacune ze testen, war d'Chamber dunn allerdéngs op sech selwer gestallt.

Wéi mir dat de Moie gemellt hunn, war d'Chamber schonn den Dënschdeg, de 6. Mäerz iwwert déi méiglech Sécherheetslacune informéiert, huet Tester gemaach, mä keng Sécherheetslacune entdeckt. Och doriwwer gouf de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo wéi et schéngt net informéiert. Dee sot sech iwwerrascht, wéi de radio 100,7 hien een Dag méi spéit iwwert d'Sécherheetsfaille informéiert huet.

Séparation des Pouvoirs keen Argument

De Staat huet sech an de leschte Joren am Beräich vun der Cybersécherheet weider entwéckelt: De staatleche CTIE a GovCert expandéieren. De CTIE ass zum Beispill am Gaangen d'informatesch Servicer vum Fonds du Kirchberg, vun der ITM oder vun der Agence E-Santé z'iwwerhuelen.

Béid staatlech Servicer waren an der Vergaangenheet mat der Chamber a Kontakt. Mat Verweis op d'Séparation des pouvoirs war d'Chamberverwaltung awer net u richtege Collaboratioune mat de staatleche Servicer interesséiert. E concernéierten Acteur sot eis, d'Séparation des Pouvoirs wier awer kee wierklecht Argument, well déi Situatioun kéint een ouni Problem kontraktuell reegelen. D'Demande fir eng Partnerschaft misst awer vun der Chamber ausgoen.


D'Maxi Pesch am Panorama de Freideg, 16. Mäerz um 18 Auer:

Lauschteren


Méi zum Thema

chamber.jpg Exklusiv
#chamberleak

D'Chamber, de GovCERT an de SREL wousste scho virum radio 100,7 iwwert eng méiglech Sécherheetslacune um Chambersite Bescheed. D'Source vum Problem gouf awer net entdeckt an de Parquet net direkt doriwwer informéiert.

Whistleblower
Kontext #chamberleak

Dem radio 100,7 läit e Fall vir vun enger Sécherheetslacune op enger staatlecher Internetplattform. Si gouf net behuewen, well de Whistleblower kee Schutz viru penale Sanktioune garantéiert krut.

Franck a Biver
#Chamberleak

De radio 100,7 wäert weider op den Dokumenter schaffen, déi ëffentlech um Chambersite waren. Wa si d'Interêt public sinn, wäerte se der Ëffentlechkeet matgedeelt ginn. Wéi ass den 100,7 op de Problem gestouss?

Chamberleaks3. Exklusiv
#ChamberLeak

Um Internetsite vun der Chamber ware bis e Mëttwoch den Owend eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Dat weise Recherchë vum radio 100,7.

Programm

Net verpassen

  • Voices vum Max Richter

    Max Richter

    Dem brittesche Komponist seng nei Kompositioun gëtt um internationalen Dag vun de Mënscherechter, den 10. Dezember, am Reseau vun der Union Européenne de Radio-Télévision diffuséiert.

    Dësen Donneschdeg, owes um 8 Auer - och um radio 100,7

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen