Sample vun der Woch Chaka Khan - Fate

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

Bobby Bieles

e14.jpg

1981 huet Chaka Khan d'Lidd "Fate" erausbruecht. Et ass 116 BPM séier a war op sengem drëtten Album "What Cha' Gonna Do for Me", deen och Gold erreecht huet. De Genre kann een als Post Disco bezeechnen. D'Chaka Khan ass zanter de 70er Joren aktiv, an gëtt och Queen of Funk genannt, well hatt esou eng mouvementéiert Karriär hat. Hatt huet bis Ufank 80er an der Grupp Rufus gespillt an huet parallel eng Solo-Karriär ugefaangen. Hatt hat enorm vill Hits, wéi zum Beispill "I'm Every Woman", dat herno vum Whitney Houston iwwerholl gouf, oder "Ain't Nobody", oder "I Feel For You", dat ganz beléift bei de Breakdancer ass. Hatt hat zimmlech vill Kollaboratioune mat Leit wéi zum Beispill Prince, Stevie Wonder oder Quincy Jones.

D'Lidd "Fate" ass relativ onbekannt bliwwen, bis zu deem heiten Moment: D'Grupp Stardust huet 1998 déi puer éischt Sekonne vum Chaka Khan sengem Lidd gesampelt fir säi "Music Sounds Bether With You" doraus ze maachen. Den Thomas Bangalter ass eng Hallschent vun Daft Punk. Hien huet sech mam DJ Alan Braxe zesummen gedoe fir déi eenzeg Single ënner dësem Nummer erauszebréngen. Si hunn d'Lidd komponéiert andeems si de Gittar Riff vum Chaka Khan sengem Lidd op enger Emu SP-1200 gesampelt hunn, si hunn d'Bassline op enger Korg Triton gespillt an Drums op enger Roland TR-909. Si hunn nach e bësse Fender Rhodes doriwwer gespillt an de Sänger Benjamin Diamond agelueden de Refrain ze sangen. Doduerch hu si en Nummer 1 Hit gemaach an d'Fondatiounen, fir déi spéider French Touch geluecht.

D'Lidd ass 124 BPM séier a koum um Bangalter sengem Label Roulé eraus. Den Disco Edit ass ganzer siwe Minutte laang an den Video gouf vum Michel Gondry gedréit. D'Lidd ass ganz ouni Montée oder Drop komponéiert, einfach siwe Minutte laang dee selwechte Loop mat e puer Filteren. Einfach nëmme mega schéi repetitiv, et ass d'Perfektioun an der Simplicitéit!

2015 huet den Static Selektah nach seng eegen Versioun dovun erausbruecht. "Beautiful Live featuring Action Bronson" an "Joey Bada$$". Dat war op sengem siwenten Album "Lucky Number 7" ze fannen.

An der Mediathéik:

De Sample vun der Woch / / Bobby Bieles
Lauschteren

Méi zum Thema

e12.jpg
Sample vun der Woch

Et kann ee keng Sendung iwwer Samplen maachen ouni iwwer Parliament ze schwätzen. 1978 hu si d'Lidd "Flashlight" erausbruecht. Dëst Lidd gouf Dosende vu Kéieren am Hip-Hop gesampelt.

Wien huet de funky Wuerm geklaut?
Sampledetektiv

Kaum e Lidd gouf esou dacks gesampled wéi "Funky Worm" vun den Ohio Players. Den Titel vun 1973 war der Funk Band hiren éischte grousse Succès. Bis haut daucht en ëmmer nees an Hip-Hop-Produktiounen op.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen