Radioen

On air

Notturno  |  Audiopsy - On Dit Que l'Argent Parle Feat. DJ Kwistax

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chaire parlementaire: Méi Sue fir nei Missiounen

Uni Lëtzebuerg

Chaire parlementaire: Méi Sue fir nei Missiounen

Op der Uni Lëtzebuerg hu gëschter déi éischt 23 Absolvent:inne vum Master a parlamentaresche Studien hiren Diplom kritt. De Lancement vun deem Studiegang war viru véier Joer an der leschter Konventioun tëschent der Chamber an der Universitéit ofgemaach ginn. Déi Konventioun leeft elo aus a gëtt duerch eng nei ersat. De parlamentaresche Léierstull op der Uni gëtt zanter 2011 vun der Chamber finanzéiert. An e kritt an den nächste véier Joer wesentlech méi Suen, fir gläich e puer nei Projete kënnen ëmzesetzen.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Et gëtt déi éischt Ënnerschrëft vum Jens Kreisel als neie Recteur vun der uni.lu, obschonn hien dat dee Moment nach guer net ass: offiziell iwwerhëlt den däitsche Materialwëssenschaftler d'Successioun vum Stéphane Pallage eréischt den 1. Januar, mee de Pouvoir de signature huet e scho vum nächste Méindeg un.

Deen Dag ënnerschreift hien dann och gläich déi nei Konventioun mat der Chamber, déi nees eemol iwwer véier Joer geet, a mat där déi finanziell Enveloppe fir d'Chaire parlementaire substantiell eropgesat gëtt: vun 300.000 op méi wéi 800.000 Euro.

Entwécklungen an Tendenzen an der Gesellschaft

E gewaltege Sprong, deen natierlech och mat neie Missioune verbonnen ass. Eng dovun huet de Philippe Poirier, de Responsabele vum Léierstull, POLINDEX gedeeft:

"POLINDEX est une enquête annuelle, par sondage, qui vise à comprendre l'opinion des luxembourgeoise et des résidents étrangers sur toutes les questions qui traversent la société grand-ducale : les questions politiques, les questions économiques, les questions sociales, les questions sociétales, ou même des rapports à la culture, aux loisirs etc."

All Fréijoer gëtt esou eng Enquête gemaach, mat der Zäit entsteet op déi Manéier eng riseg Datebank, déi Entwécklungen an Tendenzen an der Gesellschaft opweist.

D'Froe wäerten nämlech zu 75 Prozent ëmmer déi selwecht sinn, an zu 25 Prozent vu Joer zu Joer variéieren, fir aktuell Froe kënnen ze beliichten:

"Si nous avions eu cet instrument-là pendant la période du Covid, on aurait pu peut-être avec des réponses donner des informations fondamentales au parlement et au gouvernement sur la situation du Covid."

Beispillsweis iwwer d'Akzeptanz vun de Restriktiounen, oder d'Strategie a Saachen Impfung.

An dat hätt, sou de Philippe Poirier op jiddwer Fall gehollef, virauszegesinn an ze verstoen, wat an eenzele Käpp virgoung déi Zäit, a vläicht dozou bäigedroen, d'Protester ofzefiederen.

Resultater sollen ëffentlech zougänglech sinn

D'Resultater vun där alljärlecher Enquête ginn iwweregens, iwwer e speziellen Internetsite, der ganzer Ëffentlechkeet zougänglech gemaach.

Dat wier e wichtege Prinzip vun all Recherche, déi op der Chaire parlementaire gemaach gëtt, seet de Philippe Poirier:

"On n'a pas la recherche dans la tour d'ivoire avec quelques initiés. Il faut le temps de la recherche, le temps de la diffusion. Mais il y a aussi le temps de l'interaction. Avec qui? Avec nous! C'est nous les citoyens."

Evaluatioun vun ëffentleche Politicken

POLINDEX ass sécher dee spektakuläersten neie Projet, deen an der neier Konventioun mat der Chamber virgesinn ass. Et ginn awer nach anerer.

Do geet et ëm Recherche zum Beispill iwwer eng Evaluatioun vun den ëffentlech Politicken. Anescht ausgedréckt: wat bréngen d'Gesetzer, déi gestëmmt ginn, an d'Suen déi se kaschten:

"C'est fondamental au Luxembourg. Si le Luxembourg dispose de beaucoup de finances publiques pour des politiques publiques, ce qui lui manques depuis très longtemps, c'est une évaluation non-partisane sur les objectifs, les résultats, comment les crédits ont été employés ... des études d'impact classiques, mais on passe à un niveau supérieur."

Konkret Recommandatiounen

Déi aner nei Fuerschungsprojeten dréinen ëm Sozialrecht (wéi et d'Aarbecht am digitalen Zäitalter reegele soll), ëm déi verschidden Instrumenter vu participativer Demokratie (wat se bréngen an net bréngen), an ëm d'Qualitéit vun de Gesetzestexter - inhaltlech a sproochlech -, déi mat der Zäit staark ofgeholl hätt, seet z.B. ëmmer erëm de Staatsrot.

D'Recherche an deene verschiddene Beräicher soll keng reng theoretesch sinn, mee duerno zu ganz konkreten Virschléi a Recommandatiounen un d'Politik féieren.